Allocution de Jean-Claude Reding à l’occasion de l’ouverture du 7e Congrès ordinaire de l’OGBL

congres_discours_reding_8Usprooch bei der Erëffnung vum 7. OGBL-Kongress

Dir Dammen an dir Hären,
Léif Gäscht, léif Delegéierten,

Et ass mer eng Freed iech op der Ouverture vum 7. Kongress vum OGBL begréissen ze kënnen.

Et ass mer eng besonnesch Freed, de Premier Minister vu Lëtzebuerg, de Xavier Bettel op eisem Kongress begréissen ze kënnen. Hien wäert no mir d’Wuert un de Kongress riichten.

Moar wäerten och den Aarbechtsminister Nicolas Schmit an de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider d’Wuert un iech riichten.

Ech begréissen de President vun der Chambre des Députés, de Mars di Bartolomeo.

Ech begréissen etlech Deputéierten hei op eisem Kongress.

Ech begréissen d’Generalsekretärin vum Conseil économique et social.

Ech begréissen de President vun der Union des entreprises du Luxembourg.

Ech begréissen de President vun der Fédération des Hôpitaux.

Ech begréissen de President vun der Pensiounskees, d’Vertrieder vun der Caisse nationale de santé, der Onfallversécherung, der Caisse médico-chirurgicale, d’Vertrieder vun der Direktioun vun der Chambre des Salariés an de Vertrieder vun dem Cercle de liaison des associations d’étrangers, dem CLAE.

Ech begréissen eis Frënn vun der Direktioun vun der Editpress s.a., vun der Centrale du LAV asbl, vun der société coopérative Maison du Peuple, vun der société coopérative FGIL, vun der Ligue de l’enseignement a vun der FNCTTFEL.

Ech wëll och ganz häerzlech eis auslännesch Gäscht begréissen.

Fir d’éischt, d‘Bernadette Segol, Generalsekretärin vum EGB, dann de Rudy de Leeuw, Vize-Präsident vum IGB a Präsident vun der FGTB.

Ech begréissen och mäi Frënd Eugen Roth, Vize-President vum DGB Rheinland-Pfalz, Saarland.

Ech begréissen d’Vertrieder vum DGB Tréier, vun der FGTB vu Verviers, vun der FGTB aus der Province de Luxembourg, vun der CGT Lorraine, vun der Arbeitskammer aus dem Saarland, vum BIT, vun Eurofound, vun der Mutualité socialiste aus der Belsch, vun der INCA-CGIL a vun der Mutuelle GMI aus der Lorraine.

Ech begréissen eis Frënn vun der CGTP aus Portugal an der CGIL aus Italien.

Ech begréissen schlussendlech d’Vertrieder vun de chinesesche Gewerkschaften.

Merci, datt dir komm sidd!

Erlaabt mer eis Delegéierten drun z’erënneren, datt d’Kandidature fir d’Kontrollkommissioun musse bis 12.00 beim Maguy Baasch am Sekretariat ofgi ginn.

Léif Kolleginnen a Kollegen, léif Gäscht,

Am Laf vu 5 Joer ass et onvermeidlech, datt och etlech Militanten eis leider fir ëmmer verlooss hunn.

Ech erënneren un eis fréier Vize-Präsidenten Louis Rech an Erny Kass, un de René Hengel vun der Centrale du LAV, un d’Mitglieder vum eisem Nationalvirstand, d’Gilberte Arendt, den Horacio Barroso, de Romain Durlet, de Louis Friedgen, den André Grommes, de Robert Heirandt, d’Gilberte Kennerknecht, de Josy Libert, de Pierre Poos, den André Reisdorf, de Willi Schiltz, de Jean-Claude Wolff an net zulescht erënneren ech un de John Castegnaro, eisen Éirepräsident.

Ech bieden iech, hinnen eng Minutt ze gedenken.

Här Premier Minister,
dir Dammen an dir Hären,
Kolleginnen a Kollegen,

den OGBL-Kongress fënnt all 5 Joer statt. Hei sinn d’Delegéierte vun all eisen Strukture versammelt, vun eise 15 Beruffssyndikater, vun eise 6 Regionalen a vun eise 7 Departementer.

Déi 400 Delegéierten, déi hei versammelt sinn vertrieden elo iwwer 70 000 Mitglieder, genee 70891.

Den OGBL ass e Spigelbild vun eiser Aarbechtswelt. Mir fannen an eise Reien Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, Immigranten a Grenzgänger, Männer a Fraen, Jonker an Eelerer, Aktiver a Pensionéierter, all Beruffer si bei eis vertratt an och all Sektore vun eiser Ökonomie.

Erlaabt mer dat mat e puer Zuelen z’illustréieren:

86% vun eise Mitglieder schaffen

13% si pensionéiert

1% sinn Apprentiën oder Studenten

35% si Fraen

65% si Männercongres_discours_reding_7

56% wunnen hei am Land

44% an der Grenzregioun , déi meescht a Frankräich, duerno kennt d’Belsch an dann Däitschland

36% vun eise Memberen si Lëtzebuerger

duerno kommen d’Fransousen an d’Portugise mat jeweils eppes iwwer 20% dann d’Belsch, déi Däitsch an eng Meng aner Nationalitéiten

44% vun eise Mitglieder schaffen am privaten Dingschtleeschtungsberäich (Servicer fir Persounen a Betriber, Handel, Horeca, Transport, Banken an Assurancen, Medien a Kommunikatioun)

25% vun eise Memberen schaffen am ëffentlechen Déngschtleeschtungsberäich (Gesondheetswiesen, Sozialwiesen, Educatioun, Schoul, Universitéit, Recherche, Staat a Gemengen)

16% schaffen um Bau an am Bauhandwierk

15 schaffen an der Industrie

Mir hunn haut bal 2 000 effektiv Delegéiertemandater an domat si ronn 2/3 vun alle Personaldelegéierten, déi Member vun enger Gewerkschaft sinn, Member vum OGBL.

Mir hunn 38 Mandater vu 60 an der CSL, zesumme mat eise Kollege vun der FNCTTFEL, mat deene mer enk zesummeschaffen an déi an de Strukture vum OGBL vertratt sinn, sinn dat esouguer 40 vu 60 Sëtz an der CSL.

Mir verhandelen iwwer 200 Kollektivverträg.

Mir sinn déi grouss a repräsentativ Organisatioun vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg. Mir wëllen duerfir respektéiert ginn, mir hunn duerfir awer och eng grouss Verantwortung.

Kolleginnen a Kollegen,

eise Kongress fënnt an engem Moment vu groussen Turbulenzen an Onsécherheete statt.

An ech mengen dat net nëmmen wéinst deene villen internationale Spannungen an Ausenanersetzungen an der Welt, mais och well mer an Europa nach ëmmer an enger Ausenanersetzung sinn, wat fir eng Politik misst gemaach ginn, fir aus der Kris erauszekommen.

Well mir sinn nach net eraus aus der Kris.

Déi wirtschaftlech Reprise schwächelt. Et gëtt net genuch investéiert,

an op Grond vun dem Drock deen op d’Léin gemaach gouf, op Grond vu Verschlechterunge bei de Pensiounen, bei de Sozialleeschtungen a ville Länner, op Gronn vu Steierreformen, déi oft déi Räich an déi grouss Betriber entlaascht an d’ Salariéë belaascht hunn, ass d’Kafkraaft a ville Länner zréckgaange oder huet stagnéiert. Och dat bremst d’wirtschaftlech Aktivitéiten.

De Chômage bleift entspriechend op Rekordhéicht

D’Inegalitéiten, den Aarmutsrisiko a sozial Spannungen hunn zougeholl.

Déi europäesch Unioun huet an der Logik vun der dominanter wirtschaftspolitescher Theorie op d’Kris geäntwert an do läit eiser Meenung no de grondleeënde Problem.

Wat sinn d’Leitmotiver vun dëser Theorie:

De Maart muss esou mann ewéi méiglech reguléiert sinn, fir datt Déngschtleeschtungen, Produkter a Kapital meiglechst schnell weltwäit zirkuléiere kënnen.

Wichteg ass d’Offer vu Produkter a kommerziell Déngschtleeschtungen an net d’Demande.

De Staat, d’ëffentlech Hand soll esou mann ewéi meiglech an d’Ökonomie agräifen

Den Eenzelne soll kucken, datt en sech selwer géint Schicksalsschléi wéi Krankheet, Invaliditéit, Aarbechtslosegkeet schützt. E soll selwer, eleng fir seng Altersversuergung suergen. D’Sécurité sociale soll kee Recht méi sinn, keng gesellschaftlech Verflichtung, keen Instrument, fir méi sozial Gläichheet a Gerechtegkeet ze schafen, mais just eng minimalistesch Ofsécherung géint Aarmut.

D’Aarbechtsrecht a besonnesch kollektiv vereinbart Rechter, d’Matsproocherecht vun de Personalvertrieder an de Gewerkschaften gëtt als eng Brems fir d’wirtschaftlech Entwécklung duergestallt. Aarbechtsschutz an Ëmweltschutz gëtt als eppes lästeges ëmfonnt, wat op e minimum reduzéiert muss ginn.

Säit elo geschwënn 20 Joer dréinen sech déi sozialpolitesch Ausenanersetzungen ëmmer erëm ëm d’Folge vun de Politiken déi op Gronn vun dëser Theorie ëntwéckelt an ëmgesaat goufen.

Europawäit war an ass datt d’Diskussioun iwwert d’Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, iwwert d’Eropsetze vun den Aarbechtszäiten – ech erënneren un den Debat iwwert d’35-Stonnewoch a Frankräich, d’Tabuiséierung vun der Fro no enger Erofsetzung vun der jäerlecher Aarbechtszäit hei zu Lëtzebuerg, den Debat iwwert d’PAN-Gesetzgebung vun Enn den 90er-Joeren hei zu Land, déi ëmmerwährend Versich fir eng gesetzlech Verlängerung vun de Referenzperioden, fir d’Berechnung vun den Aarbechtszäiten duerchzesetzen – dat hu mer iwwregens och elo d’lescht Woch bei de Verhandlungen mat der Regierung ërem erlieft.

congres_discours_reding_2Dat ass och d’Afrostellen vum Lounniveau, vun de Systemer wéi kollektiv a gesetzlech de Lounniveau an d’Lounentwécklung festgeluecht ginn. Ech erënneren un de Debat virun der Tripartite vun 2006 iwwert d’Virschléi vum Här Professer Fontagné fir de Mindestloun iwwert divers Weeër erofzesetzen.

Mir hunn eis als OGBL elo 10 Joer erfollegräich dogéint gewiert. De Mindestloun ass a bleift och an den nächste Joeren indexéiert a gëtt un déi allgemeng Lounentwécklung ugepasst.

Och dat ass eppes wat mer d’lescht Woch mat der Regierung of gemaach hunn.

A wann déi allgemeng Lounentwécklung lues ass, wéi dat déi lescht 2 Joer de Fall war, dann kënnt eben och fir de Mindestlounbezéier an eiser Gesellschaft nëmmen eng kleng Erhéijung.

Wichteg ass awer, datt de Mindestloun net zeréckgeet, en net vun der allgemenger Lounentwécklung ofgekoppelt gëtt.

Et ass wichteg, datt d’Regierung sech domat averstanen erklärt huet.

Mir hunn eis och elo geschwënn 10 Joer géint ëmmer nei Versich misste wieren d’Indexéierung vun de Léin an de Pensiounen ofzeschafen, ze deckelen oder esou ze manipuléieren dass et keng Indexéierung méi gewiescht wier.

A mir sollen och net vergiessen, datt de Motor vun dësen Attacken op den Index den Här Juncker a seng Partei war.

A mir sollen och net vergiessen, datt et ëmmer erëm eis Mobiliséierungscampagne waren, eis Manifestatiounen, déi eis d’Kraaft ginn hunn, fir eis ze wieren.

D’Manifestatioun vum 16. Mee 2009 war do ee wichtegt Symbol.

Den Index ass 6 Mol mat Verspéidung ausbezuelt ginn, mais en ass ausbezuelt ginn an ouni des Indexéierung wär eis Kafkraaft zënter 2006 ëm 18,9% zréckgaangen.

An ech well duerfir och ausdrécklech begréissen, datt déi nei Regierung sech eis vis-à-vis virum Summer engagéiert huet net erëm un der Indexgesetzgebung ze fummelen an säit Oktober ass jo och elo erëm den ale Indexmechanismus a Kraaft. Dat ass wichteg en vue vun der TVA-Erhéijung déi 2015 kënnt.

Well da bleift iwwert de Wee vun der Loun- a Pensiounsindexéierung d’Kafkraaft vun de schaffende Léit an de Rentner erhalen.

Dat war net selbstverständlech.

Et ass e Resultat vun eisem Asaz.

Dir Dammen an dir Hären, léif Kolleginnen a Kollegen,

an der Logik vun der Politik, déi ech geschildert hunn hu mer europawäit an och zu Lëtzebuerg Attacken op eise Pensiounssystem kannt.

Mir konnten zwar erreechen, datt eise System net grondsätzlech a Fro gestallt gouf, datt de Pensiounsalter am Contraire zu deem wat an eise Nopeschlänner geschitt ass net eropgesat gouf. Eis Kolleginnen a Kollegen Frontalieren a Migrante, déi gemëschte Karriären hunn, kenne dat präzis gesinn a wëssen, datt mer op dem Gebitt keng Verschlechterungen erlieft hunn.

D’Rentner hunn awer en Ajustement geklaut kritt. Ech soe geklaut, well et keng Ursaach duerfir gouf. Mir kritiséieren, datt bei der Reform den einfache Wee vun der Erofsetzung vun de Leeschtungen fir déi zukünfteg Generatiounen gewielt gouf, ausser se gi méi laang schaffen, och wann dat iwwert 40 Joer gestreckt gouf.

Alternativfinanzéierungsweeër goufen net diskutéiert an och d’Propositiounen, déi mer am Interêt vun deene Jonke gemaach hunn, goufen net berücksichtegt. Mais et ass ni ze spéit.

Mir hu jo elo emol en Accord mat der Regierung fonnt, fir Solutiounen am Beräich vun der Préretraite ze kréien an e Recht op Deelpensioun an Deelzäitaarbecht anzeféieren.

Am Cadre vun den Diskussiounen iwwert d’Formatioun an den Emploi vun deene Jonken wärt den OGBL och erëm op den Thema vun de Pensiounsrechter vun deene Jonken zréckkommen.

Kolleginnen a Kollegen,

erlaabt mer awer och selbstkritesch ze soen, datt bei der Reform méi dra gewiescht wär, wann eis Mobiliséierung méi staark gewiescht wär.

Kolleginnen a Kollegen,

Mir hunn eis an der Kris agesat fir d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen a vun der materieller Situatioun vun deene Léit, déi hir Aarbecht verluer hunn. Mir hunn 2010 erreecht, datt déi materiell Situatioun vun den demandeurs d’emploi besser ofgeséchert gouf, wéi dat am Gesetz stoung, well de Chômage a besonnesch de Laangzäitchômage zougeholl huet.

Mir si frou, datt et eis gelongen ass, d’Regierung dovun z’iwwerzeegen, déi temporär Moossnamen déi säit 2010 gëllen, nëmmen dann net ze verlängeren wann et eng signifikativ Verbesserung um Aarbechtsmaart gëtt.

Mir si frou, datt et eis gelongen ass, staark Engagementer vun der Regierung iwwert eis Sécurité sociale ze kréien, an se dovun z’iwwerzeegen, datt et keng gutt Iddi wier d’Kannergeldkeess iwwert eng Cotisatioun, déi nëmme vun de Personnes physiques bezuelt géif ginn, ze finanzéieren an net méi iwwert eng gesamtgesellschaftlech Finanzéierung iwwert de Staatsbudget.

Mir si frou, datt mer erreecht hunn, datt mer den Trend fir Sozialleeschtungen dauernd ofzewäerte gestoppt kruten, an datt de Congé parental substantiell opgewäert gëtt an dono och an Zukunft un d’Entwécklung vum Mindestloun ugepasst gëtt.

Mir sinn och zefridden, datt d’Leeschtunge fir Kanner a Familljen an Zukunft net méi wäerten u Wäert verléieren an an eng Relatioun mat der Entwécklung vum Durchschnëttsloun gesat ginn.

Mir hunn e Kompromëss mat der Regierung par Rapport zu der neier Krisesteier, dem impôt pour l’équilibre budgétaire erreecht. Si ass temporaire an den Impakt op d’Kafkraaft ass duerch de Fräibetrag, d’Immuniséierung vun der Valeur vun engem Mindestloun staark erofgaang.

Mir bleiwen der Meenung, dass et méi gerecht Alternativen gi wären (d’Erhéijung vum Spëtzesteiersaz, méi eng staark Besteierung vun de Kapitalrevenüen, Ännerunge bei der Verméigenssteier, eng Kontributioun vun de Betriber, déi gutt Gewënner maachen an net oder wéineg hei am Land investéieren). Den OGBL wäert dowéinst sech ganz aktiv an d’Diskussioun vun der Steierreform abréngen.

Mir sinn och der Meenung, datt déi budgetär Situatioun vum Land net esou schlecht ass, wéi d’Regierung dat mengt. Mir sinn awer och der Meenung, datt mer eis an enger Situatioun befannen, wou niewent de Steierrecetten aus dem e-commerce och aner Recetten aus Steier- oder sonstigen Nische kënne verluergoen. D’Situatioun ass net einfach.

Et ass elo un eis d’opinion publique vun eise Virschléi z’iwwerzeegen a se an d’Diskussioun iwwert d’Steierreform, déi jo am Dialog gefouert soll ginn, eranzebréngen. Et geet eis dobäi och ëm Steiergerechtegkeet, a vun der si mer wäit ewech. Proportionnel bezuelen déi schaffend Leit an d’Pensionäre vill méi Stéieren ewéi déi wierklech räich hei am Land.

Kolleginnen a Kollegen,

mir hunn op eisem leschte Kongress a schonns virdrun virun de Gefore vun enger congres_discours_reding_1Politik gewarnt, déi op Souveränitätsnischen, op Fiskalnischen opbaut. Niewent dem Fait, datt esou eng Nischepolitik ethesch Problemer opwerft, och wann se den internationale legale Bestëmmungen entsprécht an och wann anerer, esouguer där déi mam Fanger op Lëtzebuerg weisen, ähnlech Politike bedreiwen – an dozou gehéieren och munch aner EU-Länner mat hiren Enklaven, Insele mat Sonderstatus , mais och verschidde Bundesstaate vun den USA, och dann ass et awer kloer, datt esou eng Politik keng dauerhaft, keng zolidd Basis fir eis Ökonomie ass, an datt am Kader vun enger Wirtschafts- a Währungsunioun, déi ëmmer méi staark zesummewiisst esou eng Politik ganz séier un hir Grenze stéisst.

Op deem Hannergrond ass et och wichteg, datt d’Regierung d’Virschléi vun de Gewerkschaften an der UEL opgegraff huet an eng kloer Propositioun fir d’Organisatioun vun engem nationalen Sozialdialog gemaach huet, déi sech a véier Phasen an ronderëm kloer Themen (déi wirtschaftlech a budgétaire Situatioun, de Programme de stabilité et de croissance an de plan national de réforme, de Staatsbudget an déi beschäftegungspolitesch a sozial Situatioun) dréit.

Mir si gefuerdert, och an deenen Diskussiounen, déi materiell awer och déi moralesch Interesse vun de schaffende Leit an de Rentner ze verteidegen, eis fir eng gerecht Verdeelung vum geschafene Räichtum anzesetzen, eis fir eng gutt Sozialofsécherung anzesetzen, eis fir eng Politik vum sozialen Zesummenhalt, eng Politik déi d’Inegalitéiten déi zougeholl hunn, zréckféiert, anzesetzen.

Dir Dammen an dir Hären,
léif Kolleginnen an Kollegen,

Lëtzebuerg ass manner wéi je eng Insel, e Land, dat op sech selwer funktionéiere kann.

Mir sinn e Land vun der Immigratioun. Déi portugisesch Immigratioun ass eng Beräicherung fir Lëtzebuerg ginn an ass net méi aus dem Land erauszedenken, esou wéi dat virdrun de Fall mat der italienescher Immigratioun war.

Lëtzebuerg ass e Wirtschaftszentrum an der Groussregioun. Mir sollen eis aktiv an d’Ëntwécklung vun der Groussregioun abréngen.

Ouni eis auslännesch Kolleginnen a Kollegen, déi hei wunnen a schaffen, ouni d’Grenzgänger déi all Dag hei zu Lëtzebuerg schaffen, wär Lëtzebuerg an allen Hisiichten méi aarm.

Si gehéieren zu eis.

Mir si stolz drop, datt si haut staark an eiser Gewerkschaft vertratt sinn.

Mir reagéieren am OGBL allergesch op all Diskriminatiounen zwëschen de schaffende Léit, zwësche Résidents an Net-Résidents, mir reagéieren allergesch op friemefeindlech a rassistesch Aussoen.

Lëtzebuerg brauch och d’Europäesch Unioun, mais mir brauchen awer eng aner Politik an der europäescher Unioun.

Den europäesche Gewerkschaftsbond huet kloer Alternativen.

Den OGBL ënnerstëtzt ouni wenn und aber d’Politik vum EGB.

Mir hunn ëmmer all Aktiounen vum EGB ënnerstëtzt a mir wäerten dat och weider maachen.

Am OGBL si mer och iwwerzeegt, datt d’Aktioun vun eisem Internationale Gewerkschaftsbond an enger Welt déi ëmmer méi vernetzt ass an dat souwuel an ökonomescher, sozialer wéi och an ekologescher Hinsicht méi wéi je néideg ass.

Kolleginnen a Kollegen,

Ech sinn haut net méi Kandidat fir de Posten als President, och net fir e Posten am geschäftsféierende Virstand.

Zwéi Mandater ginn duer a mat 60 däerf ee méi lues maachen.

Et ware spannend an ustrengend Joeren.

Den OGBL ass an deenen 10 Joer weider gewuess.

Mir hunn an der Zäit ronn 25% Mitglieder bäikritt, mir sinn an néie Beräicher vertratt.

Mir hunn eis Representativitéit vu Soziawal zu Sozialwahl souwuel an de Betriber ewéi an de Beruffschambere gestäerkt.

Mcongres_discours_reding_5ir hunn awer och eis Servicer am Beräich vun der Berodung an der Ënnerstëtzung bei aarbechst- a sozialrechtleche Problemer weider professionaliséiert a verbessert.

Mir hunn eis Präsenz och an de Grenzregiounen ausgebaut.

Mir hunn eis an deene 10 Joer oft an hefteg misse wieren, fir datt eis sozial Errungenschaften net a Fro gestallt goufen a bei enger sougenannter Moderniséierungsaktioun duerch eng sougenannte Strukturreform ofgeschaaft goufen.

Mir hunn an deenen 10 Joeren awer och déi wichteg Reform vum Statut unique fäerdegbruet.

Mir hunn dat iwwert eng Harmoniséierung no uewen fäerdegbruet.

Duerch de Statut unique ass et meiglech ginn, eis Sécurité sociale ze unifiéieren. Mir hunn eng Krankekees, Mir hunn eng Pensiounskees. Dat huet eisen ëffentleche Sécurité-sociale-System zu Lëtzebuerg gestäerkt a méi effizient gemaach. An duerch d’Fusioun vun der Aarbechterkummer mat der Privatbeamtechamber hu mer an eiser CSL méi Mëttele kritt, fir eis Expertisen ze stärken.

Ouni är Ënnerstëtzung ouni äert Vertrauen wär villes net meiglech gewiescht.

Ech soen iech duerfir Merci!

Vive den OGBL!

congres_discours_reding_10

congres_discours_reding_3