CO/APPCA/ALEE/APPSAS/SLEG/SPEBS: Mecht den Educatiounsminister de Geck mat eis?

Zënter ronn 3 Joer siche mir d’Gespréich mam Educatiounsminister fir iwwert d’Tâchen an d’Aarbechtskonditioune vum d’Personnel EPS an de verschiddene Schoulstrukturen ze diskutéieren. Leider goufe mir ëmmer nees vum Ministère op spéider vertréischt. Den Educatiounsminister huet elo vun der Corona-Pandemie profitéiert, fir am Juli dëst Joer, am Alleingang ouni d’Gewerkschaften an d’Personalrepresentatiounen anzebezéien an ouni Dialog mat de Leit um Terrain, iwwert de Wee vun Notte kloer Verschlechterunge vun der edukativer a psycho-sozialer Aarbecht an de Schoulen ëmzesetzen. Dëst geet op d’Käschte vun der Qualitéit vum Unterrecht a vun der Prise en charge vun de Schüler a Schülerinne mat spezifeschen, psychologeschen oder soziale Besoinen op där enger Säit, an op d’Käschte vun der Gesondheet vum Personal op där anerer Säit.

An deem Kontext fanne mir dem Educatiounsminister seng Äntwert vum 15.12. op d‘Question parlementaire 3303 zimmlech bizarre: Hie géing op eng formell Stellungnam zu enger Publikatioun am Courrier vum MENJE vum 15.9. waarden!? Zum engen ass et op mannst verwonnerlech, datt Gewerkschaften ewell Stellungnamen zu Publikatioune solle virhuelen (sic). Zum anere gëtt seng Äntwert ëmsou méi bizarre, wann ee weess, datt déi 5 Gewerkschaften a Personal-representatiounen an der eenzeger gemeinsamer Reunioun mam Minister de 6. Oktober kloer Positioun zu dësem Thema bezunn hunn. Mir hunn en plus Virschléi presentéiert a schrëftlech hannerluecht, esou wéi een eendeitegen Avis juridique ugeschwat a schrëftlech eragereecht. Bis haut krute mer weeder eng Äntwert op eis Proposen, nach op den Avis juridique! Den Här Minister Meisch spillt weider säi Spill op d’Zäit.

Schonn zënter dem Juli, an och de 6. Oktober erëm, hunn déi 5 Gewerkschaften a Personalrepresentatioune geschlossen an zesumme vum Educatiounsminister gefuerdert, déi besoten Notten zréckzezéien an endlech Verhandlungen zouzeloossen – bis elo allerdéngs leider ëmsoss.

Nom Ofsoe vun den Entrevuë vum Minister am November an Dezember ass de 14. Januar 2021 en nächst Zesummekomme virgesinn. Sollt den Educatiounsminister spéitstens bis dohinner nach ëmmer net alenken, da wäert fir eis de Wee an de Litige onëmgänglech sinn.

Eng Ausnamezäit däerf net dofir ausgenotzt ginn, fir demokratesch Prozesser auszehiewelen an d’Qualitéit vum Enseignement ze verschlechteren!

Dofir organiséieren d‘ALEE/CGFP, d‘APCCA/SEW/OGBL, d‘APPSAS, de SLEG/CGFP an de SPEBS/CGFP e Protestpiquet en Dënschdeg, 9. Februar 2021 um 16 Auer virun der Chamber fir géint déi illegal Virgoensweis vum Educatiounsminister a géint eng Ofwäertung vun der Aarbecht vum edukativen a psycho-soziale Personal aus de Kompentenzzentren, dem Enseignement fondamental an dem Enseignement secondaire virzegoen. Mir hoffen op d’Ënnerstëtzung vum Pouvoir législatif an eiser Cause.

Neen zum Ausverkaf vun onsem Beruff, a Jo fir eng Schoul mat Qualitéit!

Matgedeelt vun ALEE/CGFP, APCCA/SEW/OGBL, APPSAS, SLEG/CGFP a SPEBS/CGFP