Endlech eng Léisung fir déi 400 Polizisten mat Secondaire’s-Diplom!

D’ADESP an den OGBL begréissen, dass mam Accord, deen haut ënnerschriwwe gouf, endlech eng Ongerechtegkeet aus dem Wee geschaf gëtt, déi schonns zanter 2018 Bestand hat. Endlech kommen 400 Polizistinnen a Polizisten mat Secondaire’s-Ofschloss an de Genoss vun der Carrière déi hinnen eegentlech zousteet. Bis dohinner war et allerdéngs ee laange Wee.

Schons den 1. August 2018 war mam neien Policegesetz och endlech d’Carrière Moyenne (B1) agefouert ginn, esou wéi et se schonn säit laanger Zäit bei deenen aneren Verwaltungen beim Staat gëtt.

Deemools waren schonns eng zirka 400 Beamten an der Police, déi een Secondaire’s-Ofschloss haten, an der Carrièrë Inférieure agestallt ginn.

D‘Gesetz vun 2018 huet des Beamten awer net d’office an d’Carrière Moyenne reklasséiert. Stattdessen huet d‘Politik et virgezunn fir déi eeler Beamten ouni Secondaire-Ofschloss iwwert déi sougenannten “Voie expresse” an déi nei B1-Carrière (Carrière Moyenne) ze promovéieren. Dat awer onofhängeg dovunner op si ee Secondaire’s-Diplom haten oder nët.

Parallel dozou rekrutéiert d’Police säit 2018 zum groussen Deel just nach Kandidaten fir den Police-Beruff déi een Secondaire-Ofschloss hunn. Si goufen direkt an der Carrière B1 agestellt.

Fir déi 400 Polizisten, déi schonn virun der Policereform vun 2018 een Secondaire-Ofschloss haten, war dat eng manifest Ongerechtegkeet.

Hiren Diplom gouf net unerkennt, an zum Deel hu si Leit misse forméieren, déi du méi héich agestuuft waren wéi si selwer.

E puer honnert léséiert Beamten hunn dorops hin Enn 2018 beim Verwaltungsgeriicht geklot, an dëst huet am Appel d‘Verfassungsgeriicht mat der Saach befaasst..

Parallel dozou, hunn si sech an der ADESP zesumme gedoen.

Am Februar 2020 huet d’ADESP ee Kooperatiounsaccord mam OGBL ofgeschloss. Den OGBL huet d’Démarche vun der ADESP voll ënnerstëtzt, a seng Memberen, während der ganzer geriichtlecher Prozedur begleet an och finanziell ënnerstëtzt.

Een éischten Erfolleg war den Arrêt Interlocutoire vum 24. Mee 2022, an deem d’Riichteren vun der Cour administrative festgehalen hunn, dass den Mécanisme vun der Voie expresse en vue vun eisem 1ère/13èmes Diplom eng Barrière géif duerstellen, déi net dierft sinn. D’Riichter hunn an deem Kontext kloer präziséiert, dass et net ze justifiéieren wier, dass déi betraffe Polizisten nach missten en travail de réflexion schreiwen, well si mat hirem Secondaire’s-Ofschloss schonn den “Ticket d’entrée” fir an den Groupe de traitement B1 haten.

Den 9. Dezember 2022 huet d’Cour constitutionnelle an hirem Arrêt n° 174 d’Opfaassung vun der Cour administrative bestätegt. An hirem Arrêt hunn d’Riichter festgehalen, dass den Art. 94 aus dem Policegesetz, deen d’Modalitéiten vun der Voie expresse ëmfaasst, verfaassungswiddereg ass.

Dëst iewescht Geriicht koum zu der Conclusioun, dass et an der Police géifen 2 Kategorien vun Polizisten ginn, nämlech déi mat engem Secondaire’s-Ofschloss, an déi ouni. D’Policegesetz géif dat awer net esou berücksichtegen, an all hier Beamten duerch deen selwechten Triichter ënnert den selwechten Konditiounen wëllen an d‘Carrière Moyenne B1 promovéieren. An där Hisiicht giff dat géint de konstitutionelle Prinzip vun der “égalité de traitement” verstoussen.

Doropshin huet den deemolegen Minister den Changement de carrière iwwert “Voie expresse” ausgesat.

D‘Verwaltungsgeriicht huet an hirem Uerteel vum 2. Mee 2023 d‘Konklusiounen vum Verfassungsgeriicht iwwerholl an huet statuéiert dass, opgrond vun engem Manktem vun engem adäquaten Gesetz, déi léséiert Beamten déi geklot hunn net hätten kënnen an d‘Carrière Moyenne reklasséiert ginn. Si huet also kloer den Optrag un d’Politik ginn, op legislativem Plang nozebesseren fir de Problem ze léisen.

Déi viregt Regierung huet doropshin op des Uerteeler reagéiert, andeems si mam “Accord relatif au mécanisme temporaire de changement de groupe de Traitement dit « voie expresse » au sein de la Police grand-ducale”, deen den 12. Juni 2023 tëschent der Regierung, dem SNPGL an der CGFP ënnerschriwwen gouf, wëllentlech an wëssentlech, déi vun der Cour constitutionnelle an der Cour administrative festgehalen Ongerechtegkeeten weider bestoen gelooss huet :

  • Beamten mat Secondaire’s-Diplom kréien nach ëmmer keen direkten Accès an d’Carrière B1 an mussen weiderhin en “travail de réflexion” schreiwen.
  • D’Anciennetéit behält, opgrond vun der feelender Retroaktivitéit, d’Prioritéit virum Diplom.

D’ADESP gouf an d’Ausschaffen vun dësem Accord net mat agebonnen an huet ganz kloer hiren Désaccord zu deem doraus entstanenen Projet de loi 8274 vum 17.07.2023 ausgedréckt, vu dass d’Schlussfolgerungen vum Verfassungsgeriicht an vum Verwaltungsgeriicht ignoréiert goufen. D’ADESP ass hirer Ligne bis zum Schluss trei bliwwen, andeems mir eis fir déi eenzeg gerecht Léisung agesat hunn, an zwar den Reclassement!

Mir hunn eis zu kengem Moment mat engem faulen Accord oofspeisen gelooss.

Am November 2023 koum et dunn zu engem Regierungswiessel an den Policeminister Här Gloden huet sech dëser Problematik direkt ugeholl an zesummen mat sengen Regierungskollegen lo Neel mat Käpp gemaach.

Zu senger Zäit als Deputéierten hat den Här Minister d’Problematik allerdéngs schonn erkannt, dat och no Gespréicher mat der ADESP, an huet sech am Laf vun den Joeren fir d’Besäitegung vun dëser Diskriminatioun agesat, sief et duerch parlamentaresch Froen, Motiounen oder duerch den Dépôt vun der Propositioun de loi 8280 vum 19.07.2023.

Den Här Minister Gloden huet deemno säin Verspriechen, dat am Walprogramm esou wéi am Koalitiounsaccord ugefouert gouf, agehalen.

Mir, d’ADESP an den OGBL, weisen eis außeruerdentlech erfreet doriwwer, dass domat eng Ongerechtegkeet, déi sech iwwer Joeren gezunn huet, elo endlech aus dem Wee geschaf gëtt.

 

Matgedeelt vun der ADESP a vum OGBL,
de 14. Juni 2024