Den SEW/OGBL an de Landesverband maachen en Appell un de Premier Minister an un d’Regierung d’Responsabilitéit ze iwwerhuelen, datt d’Reprise vun de Schoulen am Fondamental net am organisatoreschem Chaos ënnergeet an d’Coursen de pedagogeschen an affektive Besoine vun de Kanner no der laanger Phase vun Isolatioun gerecht kënne ginn.
Déi betraffe Syndikater vum OGBL, aner Enseignantsgewerkschaften an d’Elterevertrieder hate beim proposéierte Modell vum Educatiounsminister fréi op d’Schwieregkeeten um Niveau vum noutwendege Personal a vun den Infrastrukturen an de Schoulen a besonnesch an de Maison Relais higewisen. Den Educatiounsminister ass sech trei bliwwen an huet den Dialog mat de Schoulpartner refuséiert, sou dass d’Alternativmodeller net mol diskutéiert goufen. D’Enseignanten a souguer d’Regionaldirektiounen ginn zäitgläich mat den Eltere just via Pressekonferenz informéiert, aner Kommunikatioune gëtt et kaum oder guer net.
Well de Modell vum Splitting vun de Klasse weder um Niveau vum Transport, nach um Niveau vum Personal, an de Raimlechkeete fir d’Betreiung an de Schoulen an an der Maison Relais konnt realiséiert ginn, an dobäi och net de Betreiungsbesoine vun den Eltere gerecht gouf, ass en no an no, erëm ouni Dialog mat Gemengen, Enseignanten an Elteren, verännert a verwässert ginn.
Dat huet schliisslech dozou gefouert, dass nei Mesuren de Splitting vun de Klassen ad absurdum féieren an et den Enseignanten onméiglech maachen, d’Course sënnvoll ze organiséieren. D’Enseignanten hu sech an de leschte Wochen enorm an d’ «#schouldoheem» engagéiert a mat groussem Opwand de Splitting organiséiert, si si bereet fir Iwwerstonnen ze maachen. Dat am Sënn vun de Kanner. Si stinn awer net méi hannert den deelweis absurde Mesuren a riskéieren sech elo zesumme mat de Gemengen, déi schonn e groussen Opwand bedriwwen hunn, just nach lächerlech ze maachen :
De Modell, wéi en am Moment do steet, gëtt net méi vu den Enseignanten ënnerstëtzt. Widderwëlleg a mat groussen Opwand organiséiere si d’Reprise no engem Modell, dee si als absurd qualifizéiere mussen. Stänneg Ännerunge vun net duerchduechte Mesurë maachen et ëmmer méi konfus, ginn absolut keng Planungssécherheet a weise mëttlerweil d’Inkohärenz vun deem ganze Virhaben op.
Allgemeng Richtlinnen, wéi an de Klassen déi Phase vu #schouldoheem evaluéiert an opgeschafft ginn, wéi d’Schoulzäit ënnert ganz schwieregen an ongewinnte Konditioune bis de Summer ka gestallt ginn, feele komplett.
Den Educatiounsminister huet en Appell un d’Patrone gemaach den Elteren an hirem Betrib entgéint ze kommen. A senger Roll als Patron huet de Minister awer d’Elteren ënnert sengen Enseignantë komplett vergiess a kann hinne keng Léisung ubidden.
Et bleift just eng Woch fir aus der Sakgaass do erauszekommen an d’Reprise sënnvoll ze organiséieren. Dobäi leien Alternativen um Dësch.
Den SEW/OGBL an de Landesverband verlaangen duerfir, dass, ouni weider Zäit ze verléieren, eng Task Force aus Representante vun de Gewerkschaften, den Elterevertrieder, dem Syvivol an de Responsabelen aus dem Educatiounsministère opgestallt gëtt, déi e Modell op d’Bee stellen, den de sanitären Exigenzen, de Besoine vun de Kanner an den Eltere gerecht gëtt an deen organisatoresch machbar ass.
Här Premier Minister, Dir Dammen an Hären aus der Regierung, et ass nach net ze spéit. Huelt Är Responsabilitéit, et geet ëm eis Kanner !
Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Cette option doit être activée à tout moment afin que nous puissions enregistrer vos préférences pour les réglages de cookie.
Si vous désactivez ce cookie, nous ne pourrons pas enregistrer vos préférences. Cela signifie que chaque fois que vous visitez ce site, vous devrez activer ou désactiver à nouveau les cookies.
Nous utilisons des outils de suivi tels que Google Analytics 4 (GA4) et Google Tag Manager (GTM) sur ce site. Ces outils nous aident à collecter des informations anonymes sur la manière dont vous utilisez notre site, afin de nous permettre d'améliorer constamment votre expérience.
Veuillez activer d’abord les cookies strictement nécessaires pour que nous puissions enregistrer vos préférences !