Vollständige Rede des OGBL-Präsidenten, André Roeltgen, anlässlich des erweiterten Nationalkomitee der Gewerkschaft in Mondorf-les-Bains am Vorabend der 1.Mai-Feier (auf Luxemburgisch).
(Et gëllt dat gesprachent Wuert)
Kolleginnen a Kollegen,
Wa mer haut den 125. Anniversaire vum Kampf- a Festdag vun der Aarbechter- a Gewerkschaftsbewegung feieren, da feiere mer eng 125 Joer laang Bewegung, déi zu all Moment vun hirem Wierken e bessert an e méi séchert Liewe fir d’Aarbechterschaft ugestrieft huet.
Et ass eng Geschicht vu Fortschrëtter, mä et ass och eng Geschicht vu schwéiere Réckschléi a Katastrophen.
Et ass eng Geschicht vum Zesummefannen, mä och vum Auserneegoen an de Spaltunge vun der Gewerkschaftsbewegung a vun der politischer Aarbechterbewegung.
Et ass de Wee vun enger internationaler Bewegung, déi opgrond vun der ënnerschiddlecher sozialer, wirtschaftlecher a politischer Entwécklungssituatioun an den eenzelne Länner a Kontinenter ganz vill verschidde Facetten a Gesiichter huet.
A wann een déi 125 Joer Revue passéiert, da steet natierlech eise Kampf fir besser Loun- an Aarbechtsbedéngungen, fir eng besser sozial Sécherheet am Mëttelpunkt.
Mä kee weess et besser wéi mir, datt doriwwer eng grouss Rumm steet, déi d’Viraussetzung fir all Form vu Fortschrëtt ass, nämlech déi vu Fridden a vun Demokratie.
All Form vu Krich an all Form vun Diktatur setzen dem soziale Fortschrëtt e brutaalt Enn.
An de leschten 125 Joer hu Krich an Diktatur méi wéi eng Kéier, d’Organisatioune vun der Aarbechter- a Gewerkschaftsbewegung zerschloen, d’Aarbechterschaft enger extremer Ausbeutung ënnerworf. Millioune vun hinne si fir hinne friem Interessen op de Schluechtfelder verheizt ginn, schwéier blesséiert ginn oder ëmkomm. D’125 Joer-Feier vum 1. Mee muss dofir och de Gedenkdag u si sinn.
D’Hoffnung op eng méi friddlech an demokratesch Welt, déi an den 90er-Joere beim Enn vum kale Krich opkomm wor, huet sech scho längst zerschloen.
Honnerte Millioune vu Mënsche liewen a Länner an a Géigende vu Krich, Biergerkrich oder diktatoresche Bluttregimer.
Tëscht Israel a Palästina gëtt et nach ëmmer kee Fridden, e groussen Deel vun der arabescher Welt a vun der Sahelzone erlieft extrem bluddeg Biergerkricher an Terrorregimer. An Zentralafrika ass d’Situatioun net vill besser, an nom Biergerkrich an Ex-Jugoslawien ass mam Konflikt an der Ukraine och an Europa d’Krichsgefor erëm gewuess.
A wann een déi lescht Statistike kuckt, da schléit d’Welt och erëm nei Rekorder an der militärescher Oprüstung.
Déi meescht vun dëse Konflikter hunn eng sozial an eng ökonomesch Uersaach. Sozial a wirtschaftlech Feelentwécklunge ginn Hand an Hand mat politischen a gesellschaftleche Krisen.
Am Januar huet eng unerkannten ONG matgedeelt, datt am Joer 2016, 1% vun der Weltbevölkerung esou vill vum gesellschaftleche Räichtum vun der Welt besëtze wäert, wéi déi 99% aner op der Welt.
Wann déi ökonomesch Inegalitéit op der Welt esou en Ausmooss unhëlt, da weess een, datt d’sozial Aarmut an all hire Formen op der Welt zouhëlt, an da weess een, datt domat den Nährbuedem fir d’Ausléise vun all Zort vu gesellschaftleche, politischen a militäresche Krisenentwécklunge weider uwiisst.
De Kampf op der ganzer Welt géint den Honger, fir gutt Waasser an e mënschewierdegt Wunnen, fir Bildung a Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra, fir gesondheetlech Versuergung a sozial Ofsécherung, fir Aarbecht a Loun, fir Demokratie, Fridden, Mënscherechter a gewerkschaftlech Rechter a Fräiheeten huet näischt un Aktualitéit verluer a betrëfft eis als international Gewerkschaftsbewegung direkt.
An d’Ausernanersetzung tëscht Kapital an Aarbecht huet mat der kapitalistescher Globaliséierung an hirem dominanten neoliberale Politikmodell eng nei Qualitéit kritt.
D’Konzentratioun vum Kapital huet enorm zougeholl an domat och d’Muecht vun transnationale Konzern- a Finanzgruppen, déi sech ëmmer méi der demokratescher a politischer Kontroll entzéien.
E ganz gutt Beispill fir dat weidert Uwuesse vun hirer Muecht a vun hirem Afloss sinn déi aktuell Verhandlungen tëscht den USA an Europa fir dat transatlantescht Handelsofkommes TTIP, wou se alles ënnerhuele, fir hir Konzerninteresse weider ze stäerken an ofzesécheren: géint d’Aarbechts- a Sozialgesetzgebungen, géint déi ëffentlech Déngschtleeschtungsberäicher, a géint déi demokratesch legitiméiert Politike vun den nationalen an internationale Parlamenter, géint déi se Sonderschiedsgeriichter ausserhalb vum Rechtsstaat duerchsetze wëllen.
An denke mer och un déi vill Fäll op der Welt, wou et international Konzerner sinn, déi systematesch d’gewerkschaftlech Fräiheeten an d’Streikrechter a Fro stellen a violéieren.
Ech si frou, datt d’Oppositioun vun der europäescher an amerikanescher Gewerkschaftsbewegung a vu ville fortschrëttlechen Organisatiounen e grousse politesche Géigendrock zum TTIP opgebaut huet, dee seng éischt Wierkunge weist, ënner anerem um Niveau vum europäesche Parlament.
Als OGBL fuerdere mer, datt eis Regierung an, datt all politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg sech dëser Oppositioun uschléissen.
An als OGBL wäerte mer, wéi mer dat d’ailleurs rezent gemaach hunn, all Kéier dann Drock op d’Lëtzebuerger Patronat an op eis Regierung maache, wann um Niveau vum Bureau international du Travail, eng vun den eelsten internationalen Organisatiounen, déi vu Regierungen, Gewerkschaften a Patronat drëttelparitätesch gefouert gëtt, wa bei dëser internationaler Organisatioun, déi gewerkschaftlech Fräiheeten a Streikrechter ofgeséchert musse ginn.
Et sinn elo 7 Joer hir, datt déi ongebremsten Dereguléierung vun der kapitalistescher Wirtschafts- a Bankewelt eng Finanz- a Wirtschaftskris ausgeléist huet, déi vill sozial Aarmut a sozial Deklasséierung hannerlooss huet an d’Ëmverdeelung vum gesellschaftleche Räichtum vun ënnen no uewen nach weider verstäerkt huet.
Dat ass och fir Europa de Fall, wou zënter den 90er-Joeren, d’Wirtschaft duerchlibéraliséiert a privatiséiert gëtt a wou ënnert dem Stéchwuert vu Strukturreformen eng Politik vu Loun- a Sozialdumping bedriwwe gëtt.
7 Joer no Krisenausbroch ass déi europäesch Wirtschaft nach ëmmer méi schwaach, wéi si et virum Krisenausbroch wor an iwwerall an Europa huet d’sozial Aarmut an hunn d’Inegalitéite staark zougeholl.
An dat beschämenst Resultat ass dat vun der Massenaarbechtslosegkeet. Wor se virun der Kris schon héich, dann ass se zënter 2008 bis haut ëm 50% an d’Luucht gaangen.
25 Millioune Mënschen an der EU sinn ouni Aarbecht, dat ass eng Quote vun 10%, an 18 Milliounen an der Eurozone, dat ass eng Quote vun 11,5%.
Mir sinn zënter 2008 an Europa mat enger Austeritéits- an ondifferenzéierter Spuerpolitik konfrontéiert, déi sech extrem negativ op déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung auswierkt.
D’Lounkonkurrenz tëscht den europäesche Länner an den allgemengen Ofbau bei den ëffentleche Sozialversécherungen a staatleche Sozial- an Déngschtleeschtungen hunn an de meeschte Länner zu engem reale Réckgang bei den Akommes an domat bei der Kafkraaft gefouert.
An déi ondifferenzéiert Spuerpolitik, déi de Länner an hirer Haushaltspolitik opgezwonge ginn ass, huet déi staatlech Mëttele fir eng efficace Antikrisepolitik ze maachen, drastesch ageschränkt.
A wéi dës Politik déi wirtschaftlech a sozial Zukunft vun Europa hypothékéiert, gesäit ee bei den ëffentlechen a privaten Investissementer, déi an Europa gemaach ginn. Déi leien nämlech tëscht 200 an 300 Milliarden Euro pro Joer ze déif.
An dodru wäert och den Investitiounsplang vun der Europäescher Kommissioun, genannt Juncker-Plang, net vill änneren, well en éischtens bei wäitem net duer geet an zweetens esou konzipéiert ass, datt net emol ofgeséchert ass, dass en iwwerhaapt wäert fonctionnéieren.
Als OGBL stelle mer eis hannert d’Fuerderung vum EGB, deen en europäeschen Investitiounsplang vun 250 Milliarden Euro pro Joer als noutwendeg betruecht, fir d’Investitiounslach an Europa ze stoppen.
An och déi lacker Geldpolitik, déi d’EZB elo ageschloen huet, ass net risikolos a si ass net synomym dofir, fir datt méi an Europa investéiert gëtt.
Esou laang wéi nämlech déi allgemeng Nofro an Europa, net duerch eng dynamesch Loun- an Akommespolitik ugekuerbelt gëtt, esou laang wäerte sech och d’Betriber ugesiichts feelender oder ze schwaacher Perspektiven an hiren Investissementer zréckhalen.
An domat wiisst d’Gefor vun neie Spekulatiounsbullen.
Als OGBL fuerdere mer, datt d’Spillregele vum sougenannte Wuesstems- a Stabilitéitspakt schnellstens reforméiert ginn.
Déi aktuell europäesch Traitéë sinn an dësem Zesummenhang vill ze vill rigid a falsch ausgeriicht. An dofir sinn se kontraproduktiv.
Den europäesche Staaten muss méi finanzpolitische Spillräum zougestane ginn, fir datt se ëffentlech Zukunftsinvestitiounen an der noutwendeger Héicht maache kënnen. Esou eng Reform wär endlech emol eng Strukturreform, déi Sënn géif maachen.
Eng Haushaltspolitik, déi op der enger Säit Sozialofbau bedreift, fir op der anerer Säit, wann iwwerhaapt, e Minimum un ëffentlechen Investitioune maachen ze kënnen, ass op alle Fall esouwuel wirtschaftlech, wéi och sozial eng gesellschaftspolitesch Sakgaass.
Duerch déi falsch Politik huet Europa bei senge Bierger massiv un Ausstrahlungskraaft verluer.
D’Zouhuele vun den Inegalitéite, vun der Massenaarbechtslosegkeet, vun der sozialer Aarmut an dem sozialen Ofstieg ass d’Wuerzel fir geféierlech politesch Feelentwécklungen, déi esouwuel den europäeschen Integratiounsprozess gefährden, wéi och eis Demokratie ugräifen.
Déi rezent Departementswalen a Frankräich, déi nach eng Kéier zu enger Stäerkung vum extremrietse, friemefeindleche, rassisteschen an nationalistesche Front National gefouert hunn, si just ee Beispill fir ganz vill anerer.
A wéi sech eng falsch Politik dogéint wiert, datt et zu engem Politikwiessel an Europa kënnt, kréie mir um Beispill Griechenland virdemonstréiert.
Zënter Enn Januar, wou d’griechescht Vollek sech iwwer parlamentaresch Wale fir e Politikwiessel a sengem Land demokratesch entscheed huet, gëtt him vun Europa de politischen Dolchstouss versat. Nieft dem weideren Ausverkaf vum Land soll de politesche Wëlle vun de Grieche gebrach ginn a seng Regierung sabotéiert ginn.
Et soll en Exempel statuéiert ginn, en Exempel fir aner europäesch Länner dovun ofzehale, sech géint d’Diktater vu Bréissel, vun der Europäescher Zentralbank a vun dem Internationale Währungsfong ze wieren.
Dës Diktater hu 5 Joer laang d’griechescht Vollek engem neoliberale Schock ausgesat, deen et an d’sozial Aarmut an an d’wirtschaftlech Depressioun gedriwwen huet.
Déi sougenannte Reforme vun der Troika hunn zu engem Desaster, zu enger humaner a sozialer Katastroph gefouert.
Mat den Honnerte Milliarden Euro Hëllefsgelder sinn an éischter Linn de privaten europäesche Banken hir griechesch Scholdschäiner ofkaf ginn a sinn déi griechesch Banke stabiliséiert ginn.
Awer et si keng Hëllefsgelder gefloss, fir den Ofstuerz vun der griechescher Wirtschaft ze verhënneren.
Et si keng Hëllefsgelder gefloss, fir privat an ëffentlech Investissementer unzekuerbelen an et si keng Hëllefsgelder gefloss, fir d’Implodéiere vun de staatlechen Déngschtleeschtungen am griechesche Sozialwiesen ze verhënneren.
Et ass de Banke gehollef ginn, nët de Griechen.
Et ass de Contraire gemaach gi vun deem, wat hätt misse gemaach ginn. Haut ass Griecheland faillite a jiddferee weess, datt Griecheland seng Scholden ni wäert zréckbezuele kënnen.
1953 huet Däitschland vun engem massive Scholdeschnëtt a vun enger aktiver auslännescher Ënnerstëtzung fir seng Wirtschaft profitéiert an huet dofir säi Wirtschaftswunder dierfen erliewen iwwert dat déi däitsch Politik haut nach ëmmer esou stolz ass.
Haut gëtt der griechescher Regierung, déi fir hiert d’Land dat selwecht freet, d’kal Schëller gewisen. Dat wat dem Konrad Adenauer an de 50er-Joeren zougestane ginn ass, gëtt haut dem Alexis Tsipras vun der Madame Merkel verweigert.
D’Europäesch Unioun ass politisch gefuerdert, si huet a Griecheland e grousse Feeler gemaach, si muss elo eng Décisioun fir Griecheland an net géint Griecheland huelen, Kolleginnen a Kollegen.
An déi heescht Scholdeschnëtt, an déi heescht aktiv Hëllef fir d’griechesch Wirtschaft a fir de sozialen Opbau am Interesse vum griechesche Vollek. Dat ass d’Fuerderung vum OGBL, dat ass d’Fuerderung vun der europäescher Gewerkschaftsbewegung an dat muss och déi politesch Haltung vun eiser Regierung sinn.
Virun engem halwe Joer lunge mer am Sträit mat der Regierung. Si huet vun engem „Zukunftspak“ geschwat, a mir vun engem „Spuerpak“ a vun enger „Schwaarzer Zukunft“.
Si huet vun Defiziter, vun ze héije Scholden a vum noutwendege Spuere geschwat, an den OGBL huet behaapt, datt eis Staatsfinanzen alles an allem gesond wieren an et kee Grond géif ginn, fir eng Spuer- an Austeritéitspolitik ze bedreiwen. Duerch eis konsequent Géigewier konnte mir muenches verhënneren, awer net alles.
Mir hunn eis Meenung, déi mir am Hierscht haten, net geännert. Et gëtt och kee Grond dofir.
Wat den Zoustand vun eisen ëffentleche Finanzen ugeet, sti mir mat eiser Analyse net eleng do. Esouguer d’Bréisseler Kommissioun huet elo fir Lëtzebuerg festgestallt, datt eis ëffentlech Finanzen alles an allem gesond sinn a si huet eis Staatsschold mat kengem Wuert erwähnt.
A mëttlerweil wësse mer och, datt 2014 e gudde Strapp besser ofschléisst, wéi d’Regierung dat nach am leschten Hierscht behaapt huet.
Et gouf an et gëtt kee Grond fir hei zu Lëtzebuerg sozialen Ofbau ze bedreiwen. A souguer en Defizit ass alles aneschtes wéi e Problem, wann den Defizit, wéi dat fir Lëtzebuerg de Fall ass, dodrop zréckzeféieren ass, datt Lëtzebuerg am Géigesaz zu villen aneren europäesche Länner ëffentlech Zukunftsinvestitiounen op engem héijen Niveau mecht.
D’Regierung weess, datt den OGBL se voll an der Investitiounspolitik ënnerstëtzt, well et déi richteg Politik ass, wa si un engem héijen Investitiounsniveau festhält.
Et ass genee elo de richtegen Zäitpunkt, fir an eis Zukunft z’investéieren: an e modernt ëffentlecht Bildungswiesen, an d’wësseschaftlech Fuerschung, an eist Gesondheetswiesen, an d’Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, an d’Energie-, an d’Transportinfrastrukturen, an de strukturellen Iwwergang zu enger karbonaarmer a ressourceschounender Wirtschaft a Gesellschaft insgesamt.
Wat den OGBL awer net akzeptéiert, ass wa probéiert gëtt, esou eng zukunftsorientéiert Investitiounspolitik géint de Sozialstaat Lëtzebuerg auszespillen. Dat kënnt fir eis net a Fro. Haut net an och muer net!
Wee fir d’Zukunft opbaue wëll, muss säi Sozialstaat schützen.
Dat muss d’Maxime vun der Politik sinn, et ass déi Politik, déi mir vun eiser Regierung erwaarden, et ass déi Politik déi elo minutiéis an de kommende Joere verfollegt muss ginn.
Den néidege Spillräum fir béides ze maachen, nämlech eng gutt Investitiounspolitik ze maachen a gläichzäiteg de Lëtzebuerger Sozialstaat fortschrëttlech weiderzebréngen, ass do.
An dës politesch Opportunitéit däerf elo ënnert kengen Ëmstänn verpasst ginn!
Dat ëmsou méi wéi d’Eckdate vun der prognostizéierter Wirtschaftsentwécklung fir dëst Joer a fir déi nächst Joere positiv sinn.
An eisem Accord vum 28. November d’lescht Joer mat der Regierung ass festgehale ginn, datt et bei eisen ëffentleche Sozialversécherungssystemer weder zu Qualitéits- a Leeschtungsverschlechterungen, nach zu engem Eropsetze vun den Eegebedeelegungen, nach zu enger Afrostellung vun de Kollektivverträg vum Personal kommen däerf.
An dat bedeit, datt d’Regierung an hirem Plan National de Réforme, deen si elo an de kommenden Deeg op Bréissel schéckt, de sougenannte Rekommandatiounen déi d’Bréisseler Kommissioun fir Lëtzebuerg mecht, eng kloer Ofso gëtt.
Ouni en Häuch vun enger stéchhalteger Argumentatioun ze hunn, fiert d’Bréisseler Kommissioun weider mat hire salariatsfeindlechen Attacken a fuerdert d’Fortsetzung vum Sozialofbau.
Eng besonnesch Zilscheif sinn dobäi eis ëffentlech-solidaresch Sozialversécherungen.
Mat enger Arroganz, déi hieresgläiche sicht, gëtt behaapt, datt d’Pensiounsreform vun 2013 net ambitiéis genuch gewiescht wier, eise Pensiounssystem nach ëmmer ze generéis wier, an datt doduerch laangfristeg gesinn, eis ëffentlech Finanzen net „viabel“ wieren.
Dofir misst weider reforméiert ginn.
Quasi déiselwecht Remarque gëtt fir d’Fleeg am Alter gemaach, also a Bezuch op eis Fleegeversécherung.
D’Pensiounsreform vun 2013 wor iwwerflësseg a si ass et haut grad esou.
Eng Kierzung vun de Pensiounen an der Héicht vu 14%, déi direkt Liquidatioun vun engem Ajustement, d’Festschreiwen am Gesetz, datt wann d’Recetten ënnert den Niveau vun den Dépense falen, d’Allocation de fin d’année ofgeschaf gëtt an de Mechanismus vum Ajustement an der Rentenopwertung ausgesat gëtt, sinn e ganz déiwen Aschnëtt an eise Pensiounssystem gewiescht, e soziale Réckschrëtt, dee fir den OGBL haut grad esou inakzeptabel ass, wéi en et 2013 wor.
Der Bréisseler Kommissioun geet et jo a Wierklechkeet guer net ëm d’Fro, wéi am Joer 2040, 2050 oder 2060 eis ëffentlech Finanzen ausgesinn.
Dat ass souwisou intellektuelle Kabes, well eise Pensiounssystem mecht iwwerhaapt keng Schold. Haut net an och net an Zukunft.
D’Pensioune vun haut gi vun de Kotisatioune vun haut bezuelt, an d’Pensiounen déi am Joer 2050 bezuelt ginn, gi vun de Kotisatiounen, vun de Peien am Joer 2050 bezuelt.
Nee, der Bréisseler Kommissioun, grad esou wéi dem lëtzebuergesche Patronat, geet et just ëm d’Schwächung vun eisem ëffentlech-solidaresche Pensiounswiesen an dat zugonschte vun der Stäerkung vu privatkommerzielle Versécherungen.
Well awer eis aktuell Staatsfinanze gesond sinn, well d’finanziell Situatioun vun der Pensiounsversécherung ganz gutt ass a si 14 Milliarden Euro Reserven huet a well d’Kotisatioune mat déi niddregst an Europa sinn, bleift hinnen nach just den ideologeschen Doudschléier vun der Rentemauer am Joer 2040, 2050 oder 2060.
Bei 14 Milliarden Euro Reserven däerfen net nëmmen déi kommend Ajustementen net a Fro gestallt ginn.
Neen, den OGBL erwaart sech vun der Regierung, datt si sech kloer an däitlech vun de Bréisseler neoliberalen Deklaratiounen a Rekommandatiounen distanzéiert.
A mir fuerderen d’UEL op, endlech mat hire permanenten an aggressiven Attacken op eis Sozialversécherungen an hir Leeschtungen opzehalen.
D’Lëtzebuerger Bevölkerung wëll keen Ofbäu vu sengen ëffentleche Sozialversécherungen. Weder vu senger Krankeversécherung, nach vu senger Pensiounsversécherung, nach vu senger Fleegeversécherung.
Haut net an och an Zukunft net!
A beim Stéchwuert Fleegeversécherung muss d’Regierung elo ganz gutt oppassen.
D’Reform vun der Fleegeversécherung muss e Schrëtt no vir goen, a kee Schrëtt no hannen, wéi Bréissel et recommandéiert.
Den OGBL wäert keng Leeschtungsverschlechterung toleréieren.
Den OGBL wäert et net zouloossen, datt déi Fleegebedürfteg an hir eegen Täsch musse gräife, fir sech Leeschtunge bezuelen ze kënnen, déi haut d’Fleegeversécherung bezillt.
An den OGBL wäert keen Ofbau bei de beruffleche Qualifikatiounen an der Qualitéit vun der Aarbecht akzeptéieren.
Ech soen dat haut den Owend, well et éischt Alarmzeeche schons gëtt, an dat nach ier déi eigentlech Diskussioun iwwert d’Reform iwwerhaapt ugefaangen huet.
Schonns haut ginn am Fall vun der Fleegebedürftegkeet, déi sougenannten Evaluatiounen ëmmer méi restriktiv gehandhaabt, sou datt elo manner autoriséiert a bezuelt gëtt, wéi dat nach virun engem Joer de Fall wor.
Déi éischt Konsequenz vu manner Leeschtung iwwert déi ëffentlech Sozialversécherung ass déi, datt elo schonns betraffe Leit d’Äentwert kréien, datt si sech jo mat hirer Pensioun zousätzlech Leeschtunge kafe kënnten.
Déi zweet Konsequenz ass déi, datt éischt Betriber aus dem Fleegesektor, an zumools déi mat dem bescht qualifizéierte Personal, ufänken a finanziell Enkpäss ze kommen.
Den OGBL rifft d’Regierung op, dës negativ Entwécklungen direkt ze stoppen an den OGBL erënnert drun, datt zënter dräi Joer d’Tarifer vun der Versécherung net méi adaptéiert goufen an datt och nach am Kollektivvertrag vum Personal déi nei Gehältergesetzer déi an der Fonction publique décidéiert goufen, ëmgesat musse ginn.
Dat gëllt och fir de Kollektivvertrag am Spidolsberäich.
A wann et ëm d’Finanzéierbarkeet geet, da muss nieft enger Erhéijung vun de Kotisatiounen iwwert d’Eropsetze vun der staatlecher Partizipatioun oder iwwer zousätzlech Finanzéierungsquellen nogeduecht ginn.
A firwat soll bei der Fleegeversecherung net iwwert eng Partizipatioun vum Patronat kënnen nogeduecht ginn? Dat ass fir den OGBL keen Tabuthema!
Mir hunn elo iwwert 18.000 Leit, déi keng Aarbecht méi fannen.
Nach ni louch d’Aarbechtslosequote esou héich wéi elo.
Mir alleguerten hei am Sall wësse ganz gutt, datt d’Aarbechtlosegkeet grad esou wéi d’Kris vun 2008 kee Resultat vun iergendengem Naturgesetz ass op dat ee keen Afloss huele kann.
Mä si sinn d’Resultat vun enger Politik, déi d’wirtschaftlech Interessen iwwert d’sozial Interesse gestallt huet an de sougenannte fräie Maart an d’fräit Spill vun der Konkurrenz zur ieweschter Prioritéit, quasi zur Relioun ausgeruff huet, an dat op Käschte vun der sozialer Ofsécherung vun de schaffende Leit.
Iwwert déi objektiv Uersaache vun der Massenaarbechtslosegkeet soll weder geschwat nach eppes géint si ënnerholl ginn. Au contraire.
Éischtens gëtt vu Patronat a vu Säite vun der Bréisseler Kommissioun weiderhi sougenannt Strukturreforme gefuerdert, déi nach méi wéi et elo schonns de Fall ass, d’Gesetzer iwwer d’Aarbechtskontrakter, iwwer de Kënnegungsschutz an iwwer déi sozial Ënnerstëtzung vun den Aarbechtlose oplackere, schwächen, ofschafen oder einfach net un déi nei Noutwendegkeete vun der Zäit unpasse sollen.
Well, wat net méi ugepasst gëtt, ass irgendwann net méi vill wäert.
An zweetens gëtt ëmmer erëm probéiert dem eenzelnen Aarbechtslosen op eng zynesch an erniddregend Aart a Weis selwer d’Responsabilitéit an d’Schold fir seng Aarbechtslosegkeet ze ginn.
Wéi oft hu mer scho Sätz héiere, wéi:
„Déi Arbechtslos sinn net employabel genuch“ – „si sinn net fit for Job oder si aktivéiere sech net genuch“ – „Si ginn duerch en ze generéist Aarbechtslosegeld oder duerch aner ze generéis Sozialhëllefen demotivéiert an net genuch incitéiert, fir schaffen ze goen“ oder „si si carrément ze liddreg a sech ze schued fir aner Aarbechten unzehuelen.“
Als OGBL hu mer d’Aufgab déi Aarbechtslos géint all Zort vu falsche Virwërf ze schützen.
A mir hunn als OGBL d’Aufgab, déi politesch Reformen duerchzesetzen, déi noutwendeg sinn, fir all eis Aarbechtskolleginnen an Aarbechtskollegen, déi an Aarbecht sinn, besser géint de Risiko vun der Aarbechtslosegkeet ofzesécheren.
Aus deem Grond verlaange mer an den aktuellen Diskussioune mat Regierung a Patronat, datt den indidviduellen a kollektive Kënnegungsschutz virun Ëntloossungen aus wirtschaftleche Grënn verbessert gëtt an datt d’Gesetzer iwwert d’Sozialpläng, iwwert Beschäftegungspläng an iwwert d’Failliten endlech ugepasst an opgebessert ginn.
An hei zu Lëtzebuerg muss d’Aarbechtsplazofsécherung fir déi eeler Salariéë besonnesch prioritär behandelt ginn.
Well d’Entwécklung vun der Aarbechtslosegkeet hei zu Lëtzebuerg trëfft déi eeler Salariéen am stäerksten.
A wann se eng Kéier aarbechtslos sinn, da sinn hir Chance kleng iwwerhaapt nach eemol aus der Aarbechtslosegkeet erauszekommen.
Dat erklärt och firwat an de leschte Joeren d’Dauer vun der Aarbechtslosegkeet esou staark eropgaangen ass.
Dofir muss och iwwert eng Adaptatioun vun der Héicht a vun der Dauer vum Aarbechtslosegeld nogeduecht ginn.
Fir déi eeler Beschäftegt muss d’Regierung elo dringlechst eng Batterie vun zousätzleche Mesuren huelen.
De Projet de loi iwwert déi sougenannte Gestion des âges muss opgebessert ginn, fir datt op alle Pläng an de Betriber méi präventiv réagéiert gëtt an datt d’Aarbechtskonditiounen an d’Aarbechtsperspektive fir déi eeler Beschäftegt adaptéiert respektiv verbessert ginn.
An d’Matbestëmmung vun de Gewerkschaften an hire Personaldelegatioune muss dobäi gesetzlech gefördert ginn.
Mä domat geet et net duer: den OGBL drängt op d’Ëmsetze vum Novemberaccord an deem virgesinn ass, datt d’Recht op Deelzäitaarbecht bei gläichzäiteger Deelpensioun elo agefouert gëtt.
En drängt och drop, datt d’Konditioune fir d’Préretraite bei Schichtaarbecht net nëmme verbessert an ugepasst ginn, mä op aner erschwéiert Aarbechten an Aarbechtskonditiounen ausgedehnt ginn.
An ech weisen nach eng Kéier drop hin, datt d’Décisioun vun der Regierung fir d’Préretraite-solidarité ofzeschafe keng gutt Décisioun ass. De Schued riskéiert méi grouss wéi de Gewënn ze sinn.
An dësen Diskussioune si mir mat engem Patronat konfrontéiert, dat blockéiert a betonnéiert.
Wat d’Situatioun vun den eelere Salariéen ugeet, wat d’Situatioun vun deenen, déi dem Risiko vun der Aarbechtslosegkeet ausgesat sinn ubelangt, leet d’UEL näischt Konstruktives op den Dësch.
Do wou e wierkleche Pakt géint d’Aarbechtslosegkeet geschürt misst ginn, gëtt et vum Patronat eng negativ an ofleenend Haltung.
A mir wëssen et aus de Betriber. Ob an der Industrie oder am Bankesekteur, bei Ëmstrukturéierunge, bei der Verännerung vun de Funktiouns- a Qualifikatiounsprofiler gi systematesch Leit aus dem Aarbechtsprozess erausgedrängt, statt datt iwwer Formatioun an aner Mesuren hir Aarbechtsplaz an hir berufflech a sozial Perspektiven ofgeséchert ginn.
Fir den OGBL muss Schluss domat sinn, datt déi mëttlerweil jorelaang Blockadehaltung vum Patronat gesetzlech Initiative verhënnert, déi drenglechst noutwendeg sinn!
Wann d’Patronat weiderhi probéiere soll déi Négociatiounen an der Tripartite ze blockéieren, da muss d’Regierung hir Responsabilitéit iwwerhuelen a legiféréieren.
Wa se dat net mecht, da wäert näischt Wesentleches an der Lutte géint d’Aarbechtslosegkeet hei am Land passéieren.
Aarbechtslosegkeet verhënneren bei Leit, déi Aarbecht hunn, muss zur ieweschter Prioritéit ginn.
Déi Prioritéit fënnt een net an deem sougenannte „Partenariat pour l’Emploi“ tëscht der UEL an der ADEM erëm.
Dat „partenariat“, dat ënnert dem Ausschluss vun de Gewerkschafte stattfanne soll, ass leider eng Tut, wou ganz ganz vill propagandistesch Loft dran ass.
Hei geet et net ëm Verpflichtungen, neen et sinn haaptsächlech Intentiounen a Rekommandatiounen déi entweder souwisou gesetzlech virgeschriwwe sinn, wéi d’gesetzlech Pflicht fräi Plaze bei der ADEM ze mellen, oder déi eigentlech scho laang eng Selbstverständelechkeet misste sinn, nämlech d’Versprieche vun der UEL, hir Betriber ze motivéieren besser a méi enk mat der ADEM zesummenzeschaffen.
A wat d’Astelle vu 1500 Demandeurs d’emploi, déi pro Joer méi agestallt solle ginn, betrëfft, esou ass dat och nëmme just e Verspriechen, dat kee Betrib zu eppes verpflicht, an et ass eng Zuel, déi diplomatesch ausgedréckt ganz bescheiden ass a souwisou net iwwerpréifbar ass.
Den OGBL huet de grousse Mérite, datt et dem Patronat an der CSV-Politik net gelongen ass mat hire permanenten an heftegen Attacken tëscht de Joren 2006 an 2014 eisen Indexsystem ofzeschafen nach strukturell ze verschlechteren.
Et ass keng eenzeg Tranche verluergaangen an den normalen Indexsystem wéi e virun 2006 bestanen huet, ass erëm a Kraaft.
Déi nei Regierung huet d’lescht Joer déi ganz wichteg Entscheedung geholl, datt dat och esou während hirer gesamter Legislaturperiod, soll bleiwen, also bis 2018.
Si hat de Sozialpartner proposéiert, dëst an engem gemeinsamen Accord festzehalen, mä d’Patronatssäit huet dat ofgeleent.
D’UEL wëll also an Zukunft weiderhin den Index a Fro stellen. Spéitstens da wann d’Inflatioun erëm op normal Héichte kënnt, ass mat hinnen erëm ze rechnen.
Ënnerstëtzt vun der Bréisseler Kommissioun fiert d’UEL weider mat hirer negativer Haltung zum lëtzebuergesche System vun der Lounfindung a Lounverhandlung, also och zum lëtzebuergesche Kollektivvertragswiesen an dem Kollektivvertragsgesetz.
Mir fuerderen als OGBL d’UEL op, domat opzehalen.
Domat opzehalen, eng vun de wichtegste Brécken zerstéieren ze wëllen, déi joerzéngtelaang de sozialen Dialog tëscht de Sozialpartner an de soziale Fridden hei am Land geséchert huet.
D’UEL soll manner vum sozialen Dialog schwätze, si soll en einfach maachen.
Eng konfliktoresch Entwécklung vun de Sozialbezéiungen hei zu Lëtzebuerg ass net gutt fir Lëtzebuerg.
An et ass elo den Zäitpunkt komm, fir datt d’UEL an all eenzel Patronatsorganisatiounen hire Betriber dee Message kloer weiderginn.
Fir Lëtzebuerg gëtt fir 2015, 2016 an 2017 e staarke Wirtschaftswuesstem prognostizéiert. 2016 an 2017 sollen et esouguer méi wéi +3% pro Joer ginn.
D’UEL probéiert dëst ze minimiséieren a bewosst kleng ze rieden.
Et soll jo nëmme keng allze positiv Stëmmung opkommen, déi eis dozou verleede kënnt entspriechend Lounfuerderungen ze stellen.
Mir sollen eis mat eise Lounfuerderunge kleng halen.
A genee dat wäerte mer doutsécher net maachen.
Zënter Joren hu mir de facto eng Nullentwécklung bei eise reale Léin.
D’Zäit ass elo komm, datt sech d’Léin hei zu Lëtzebuerg erëm positiv entwéckelen.
An eis Kollektivverträg sinn a bleiwen eist wichtegst Instrument fir des offensiv Tarifpolitik ëmzesetzen.
An et stinn an de meeschte Wirtschaftsberäicher, vun der Industrie iwwert d’Serviceberäicher bis zu den ëffentlechen Déngschtleeschtungsberaïcher wichteg Terminer virun der Dir.
Den OGBL fuerdert d’Patronat aus dem Botzsekteur op, dem schwéieren a laange Vertragskonflikt kuerzfristeg en Enn ze setzen. Verlaangt ass vun eis eng Verbesserung vun de Léin a vun den Aarbechtszäitbedingungen. An d’Geriichtsuerteeler zum qualifizéierte Mindestloun no 10 Joer Berufsausübung mussen elo vum Patronat unerkannt an an d’Praxis ëmgesat ginn.
Am Kollektivvertrag vum Assurancesekteur wëll d’Patronat d’Léin erofsetzen an d’Carrièren insgesamt verschlechteren. Dat ass inakzeptabel. Den OGBL fuerdert opgrond vun de positive wirtschaftleche Resultater an dëser Branche, datt d’Léin eropgesat ginn.
Am Beräich vun der Aviatioun muss et elo zu vertraglechen Ofschlëss bei der Cargolux an och bei Luxairport kommen, an dat selwecht gëllt fir de Vertrag vun de Plätterchersleeër, wou elo am Mee gewerkschaftlech Aktiounen ustinn, well d’Patronat d’Verhandlungsaccorden net méi respektéiere wëll.
A mir maachen och haut den Appell un d’Employeuren aus dem Spidolssekteur wéi och aus dem Fleege- a Sozialsekteur, déi fälleg Opwäertung vun de Léin an de Carrièren elo bei de Kollektivvertragsverhandlungen ëmzesetzen. Nëmmen esou kann am Gesondheets- a Sozialwiesen eng Konfliktentwécklung vu groussem Ausmooss verhënnert ginn.
Wann een hei am Land de Mindestloun verdéngt, da läit ee mam Brutto just iwwert der Aarmutsgrenz a mat sengem Netto läit een esouguer drënner.
A wann een op der Strooss de Leit d’Fro stellt, wéi een et zu Lëtzebuerg fäerdegbréngt, fir mam gesetzleche Mindestloun ze liewen, dann ass d’Äentwert bal ëmmer a ganz spontan déi selwecht: Ee Mensch, deen hei zu Lëtzebuerg 40 Stonne schafft an de Mindestloun verdengt, dee kann net uerdentlech hei zu Lëtzebuerg liewen, deen huet grouss Schwieregkeeten, fir iwwert d’Ronnen ze kommen, grad esou wéi d’Statistik dat och seet.
Dem OGBL seng Positioun ass kloer: ween hei zu Lëtzebuerg 40 Stonne schafft, dee muss och gutt vu sengem Loun liewe kënnen.
An et muss him och muer nach méiglech sinn, weider hei zu Lëtzebuerg wunnen a liewen ze kënnen.
Seng Aarbecht muss sech bezuelt maachen! Seng Aarbecht muss opgewäert ginn!
Jo et geet em méi Verdeelungsgerechtegkeet, jo et geet em méi sozial Kohäsioun an dofir widderhuele mer haut zum 1. Mee déi ganz wichteg Fuerderung fir eng strukturell Opwäertung vum gesetzleche Mindestloun hei zu Lëtzebuerg.
A mir widderhuelen als OGBL och eisen dringenden Appell un d’Regierung, datt si, nodeem elo souwuel d’Chambre des Salariés, wéi och d’Chambre des Métiers en negativen Avis ofginn hu beim CCP, dem Certificat de capacité pratique, hire Projet vum Bezuele vum qualifiziéierte Mindestloun eréischt no 7 Joer Beruffspraxis, statt no 2 Joer wéi et elo am Gesetz steet, ersatzlos sträicht. Hei geet et ëm de Wäert vun der Aarbecht vun eiser Jugend.
De leschte Freiden hu mer an der Tripartite e positiven Accord iwwert de Congé parental fonnt.
Deen ass wichteg a wäert dozou féieren, datt virun allem och méi Männer de Congé parental huele wäerten.
Deen Accord ass e Bausteen an enger ganz wichteger Aufgab, déi eis gestallt ass: eng Gesellschaft, wou Mann a Fra an der Aarbecht sinn, muss gläichzäiteg dofir suergen, datt d’Aarbechtsbedengungen esou organiséiert sinn, datt deen Eenzelne säi Liewen a säin Aarbechtsliewen openeen ofstëmme kann, zu eneen harmoniséiere kann.
De Salarié brauch fir seng Zäitbedürfnisser Planungssécherheet an déi néideg Spillräim, fir seng Zäit uerdentlech organiséieren ze kënnen.
An d’Politik muss wëssen, datt et net duer geet nëmmen nei Formule beim Congé parental a genuch Betreiungsariichtunge fir d’Kanner ze schafen.
Dat ass wichteg, mä dat geet bei wäitem net duer!
Neen, et mussen an der Aarbechtszäitgesetzgebung nei Spillregelen agefouert ginn, déi et de Salariéen erméiglechen eng besser an eng méi sécher Zäitplanung fir sech an hir Famill ze maachen an déi hinne souwuel eng besser Liewensqualitéit wéi awer och e Méi un Aarbechtsqualitéit erméiglechen.
A besonnesch zu Lëtzebuerg gëtt et an dëser Fro ee ganz groussen an dringenden Handlungsbedarf.
Zu Lëtzebuerg ass d’Aarbechtsintensitéit eng vun den héchsten, wann net esouguer déi héchst an Europa.
An zu Lëtzebuerg läit déi real Dauer vun der Aarbechtszäit ganz héich, e Vollzäitbeschäftegte schafft hei zu Lëtzebuerg am Joer 8% méi laang wéi am Rescht vun der Eurozone.
Dat sinn iwwer 130 Stonne pro Joer méi, Iwwerstonnen nët mat agerechent.
An zu Lëtzebuerg hu mer eng Aarbechtszäitgesetzgebung, déi net méi un déi nei Bedingungen ugepasst ass.
Dat sougenannte PAN-Gesetz, dat Enn den 90er-Joren agefouert gouf, ass iwwerholl an et muss ofgeännert ginn.
D’PAN-Gesetz huet net nëmmen en héijen Flexibiliséierungsgrad géint d’Interesse vum Salariat agefouert, et ass och e Gesetz dat d’Dire grouss opgerappt huet fir all Zort vu Mëssbräich.
Besonnesch bei den Iwwerstonnen, déi zwar vill geschafft ginn, mee oft net méi als Iwwerstonne bezuelt ginn.
Dat PAN Gesetz leeft elo am Dezember 2015 aus, a fir den OGBL ass elo d’Zäit komm, datt e neit Gesetz agefouert gëtt, dat de Salarié méi schützt an him méi Kontroll iwwert seng Aarbechtszäit gëtt.
Mir brauchen ee Gesetz wat d’Iwwerstonnen erëm définéiert als dat wat se sinn, nämlech Iwwerstonnen, déi och als dat bezuelt ginn respektiv zu zousätzlecher Fräizäitkompensatioun féieren.
Mir brauchen ee Gesetz wat d’Flexibilitéit beim Schaffen duerch Aarbechtszäitverkierzung kompenséiert.
A mir brauchen e Gesetz, wat dat Instrument opwäert, wat dat bescht ass, fir d’Aarbechtszäiten ze gestalten a fir gläichzäiteg d’Aarbechtszäitinteresse vu Betrib a Salarié openeen ofzestëmmen, nämlech d’Kollektivverträg an hir Verhandlung.
Inakzeptabel ass dat, wat d’UEL, wat d’Patronat fuerdert: nämlech eng weider salariatsfeindlech Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit.
D’Patronat wëll nach méi fréi doriwwer bestëmme kënnen, wéini a wéi laang geschafft gëtt, an dat esou bëlleg wéi nëmme méiglech.
Dat kënnt fir den OGBL net a Fro an dat däerf eis Regierung ënnert kengen Ëmstänn matmaachen.
Et wär de Contraire vun deem, wat passéiere muss, et géif déi wichteg Fuerderung vun enger besserer Harmoniséierung tëscht Aarbechtsliewen a Liewen, eng Fuerderung déi ëmmer méi haart gestallt gëtt, wäit zréckgeheien.
Den OGBL trëtt net fir eng Steierreform an, déi d’finanziell Ressource vun eisem Staat erofsetzt an hypothekéiert.
Den OGBL steet hannert engem finanzstaarke Staat.
Et ass d’Salariat, wat als éischt Interessen huet un engem Staat, dee fir jiddferee modern a performant ëffentlech Déngschtleeschtungen ubidde kann, un engem Staat mat gudden universelle, wéi och gestaffelte Sozialleeschtungen, un engem Staat, deen de finanziellen Matgarant vu staarken ëffentleche Sozialversécherungen ass.
An e Staat deen op engem héijen Niveau ëffentlech Investitiounen fir d’wirtschaftlech an d’sozial d’Zukunft vum Land finanzéiere kann.
Mä den OGBL fuerdert eng Steierreform, déi hei am Land méi Steiergerechtegkeet schaaft.
Et geet an éischter Linn ëm eng Ëmverdeelung bei der Steierlaascht.
Et geet drëms déi steierlech Ongläichgewiichter, déi sech an all de leschte Joren obgebaut hunn, erëm ze reduzéieren.
An dat heescht, datt Kapitalerträg, héich Verméigen an héich Akomme méi staark besteiert musse ginn, an déi niddreg a mëttler Akomme musse steierlech entlaascht ginn.
An dat, wat fir den OGBL wäert zielen, ass dat wat fir déi niddreg a mëttler Akommesschichten als Steierentlaaschtung ënnert dem Gesamtstréch erauskënnt.
Eng Steierreform, déi déi direkt Besteierung fir dës Schichten zwar entschäerfe géif, mä déi gläichzäiteg hir indirekt Besteierung weider eropsetze géif, wäert keng Ënnerstëtzung vum OGBL kréien.
An an dëser Rechnung, an dat huet den OGBL an den Diskussiounen iwwert de Spuerpak schonns ugekënnegt, muss déi sozial ongerecht TVA-Erhéijung vum Januar 2015 an déi sougenannt temporär Steier vun 0,5% mat berücksichtegt ginn.
Mir hunn eist Land ökonomesch fir d’ganz Welt opgemaach, mir hunn eist Land fir eng Immigratioun opgemaach, déi siwe mol méi héich ass wéi am Rescht vun Europa.
Zënter méi wéi engem Joerhonnert ass d’Immigratioun e wesentleche Pilier vun eisem wirtschaftlechen a soziale Fortschrëtt a Räichtum.
A mir wëssen alleguerten, datt et muer och net anescht kann a wäert sinn.
Mir wëssen och, datt d’Identitéit vu Lëtzebuerg, vu senger Gesellschaft a vu senger Kultur maassgeblech duerch all déi Generatioune vu Mënsche geprägt ginn ass, déi op Lëtzebuerg immigréiert sinn.
Dat méi wéi an irgendengem anere Land.
Dat huet Lëtzebuerg net geschued, dat huet et staark gemaach an dat huet et zu deem gemaach, wat et haut ass.
D’Fro iwwert Walrecht déi de 7. Juni am Referendum gestallt gëtt, ass dofir keng Nationalitéitefro, et ass eng Bierger- an Awunnerfro.
D’Fro vum Referendum iwwert d’Walrecht ass d’Fro op een e Land wëll sinn, dat sech zu all senge Bierger an Awunner bekennt oder op een dat net wëll sinn.
Et geet em méi demokratesch Gläichberechtegung, et geet awer och em eng méi staark gesellschaftlech a politesch Responsabiliséierung vun den auslännesche Bierger.
Et geet em d’Stäerkung vun eiser politischer Demokratie.
Wee vill Bierger vun engem Land vum Walrecht ausschléisst, dee schwächt d’Legitimitéit vun den Décisioune vu sengem Parlament a vun der Aktioun vu senger Regierung. An dat souwuel um nationale wéi um internationale Plang. An dat ass net gutt fir Lëtzebuerg.
Mir solle keng Angscht hunn, fir d’Dir zur Demokratie weider opzemaachen.
Mir sollen et als eng Opportunitéit gesinn, fir eist Land op alle Pläng weider ze stäerken an et méi stabil ze maachen.
Fir den OGBL, deen d’gewerkschaftlech Organisatioun vun alle Salariéen ass, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, dee wirtschaftlech a sozial Interesse vun alle Salariéen ze vertrieden huet, onhofhängeg vun hirer Nationalitéit an dee weess, datt e vill vu senger gewerkschaftlecher Stäerkt dem gewerkschaftlechen Asaz vun immigréierte Kolleginnen a Kollegen ze verdanken huet, als Militanten an de Betriber, als gewielte Personaldelegéiert, als Mandatsträger an de Strukturen vum OGBL an als gewielte Memberen vun der Chambre des Salariés, respektiv an de Sozialversécherungen, kann et fir de 7. Juni just een Opruff ginn: an dat ass de massive JO fir d’Auslännerwalrecht.
125 Joer 1. Mee sinn och 125 Joer Kampf fir méi gewerkschaftlech Matbestëmmung.
An dofir ass et wichteg, datt elo de Gesetzesprojet iwwert d’Personaldelegatiounen nach virum Summer zur Ofstëmmung am Parlament kënnt.
Ouni staark Matbestëmmungsgesetzer an de Betriber an ouni gewerkschaftlech Matbestëmmungsméiglechkeeten um politesche Plang, kann e Salariat seng Interessen net sënnvoll verdeedegen.
A virun allem bräuch et eng staark Gewerkschaft. Den OGBL ass déi staark Gewerkschaft hei zu Lëtzebuerg.
Mat sengen 71.000 Memberen a sengen Dausende Personaldelegéierten an aktive Gewerkschafter si mir déi éischt Kraaft vum Salariat hei zu Lëtzebuerg.
An déi wëlle mer weider stäerken. An déi wäerte mer weider stäerken.
Vive den 1. Mee. Vive den OGBL.
Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.
Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.
Wenn du diesen Cookie deaktivierst, können wir die Einstellungen nicht speichern. Dies bedeutet, dass du jedes Mal, wenn du diese Website besuchst, die Cookies erneut aktivieren oder deaktivieren musst.
Diese Website verwendet Google Analytics, um anonyme Informationen wie die Anzahl der Besucher der Website und die beliebtesten Seiten zu sammeln.
Diesen Cookie aktiviert zu lassen, hilft uns, unsere Website zu verbessern.
Bitte aktiviere zuerst die unbedingt notwendigen Cookies, damit wir deine Einstellungen speichern können!