„De Wandel an der Kontinuitéit“

Auszich aus der Eröffnungsried vum OGBL-President André Roeltgen

congres_roeltg01„Am Verlaf vun deenen honnert Joer huet sech eis Gewerkschaft staark verännert.  Souwuel den Opbau, wéi och de Fonctionnement vun eiser Organisatioun hu sech stänneg gewandelt. Déi eenzel Strukturen, déi eenzel Gremien, d’Hierarchie an d’Vernetzung an d‘Zesummenaarbecht tëscht hinnen, mä och hirt Gewiicht an den internen Entscheedungsprozesser, an zulescht d’Finanzéierung vun der gewerkschaftlecher Aktivitéit woren ëmmer erëm de Géigestand vu Ver-ännerungen a vu Reformen. Wär dat net esou gewiescht, hätten déi Diskussiounen, Entscheedungen a Reformen net stattfond, da géif et déi fräi Gewerkschafts-beweegung hei zu Lëtzebuerg net méi ginn.“

„Eng Gewerkschaft déi naïscht un hirer Stäerkt an un hirem Afloss verléiere wëll, eng Gewerkschaft déi sech weiderentwéckele wëll, déi däerf och an hirem Opbau an an hirem Fonctionnement ni stoe bleiwen. Si muss sech ëmmer erëm an de Spigel kucken.“

„Eng Organisatioun, déi dat net méi kann oder déi et net méi wëll, eng Organisatioun, déi de richtegen Zäitpunkt zum Wandel verpasst, déi ass op Zäit kondamnéiert, déi verléiert Schrëtt fir Schrëtt u Kraaft an u Stäerkt,  déi straalt net méi déi Attraktivitéit aus,  déi se brauch fir an enger sech weider verännernder Gesellschaft hiren Afloss ze behalen a laangfristeg Bestand  ze hunn.“

„Et ass eng historesch Stäerkt vum OGBL a senge Virgängerorganisatioune, vu sengen éirenamtlechen an haaptamtleche Gewerkschaftler vu gëschter a vun haut, datt d’Aen ëmmer grouss op sinn, d’Oueren ëmmer gespëtzt sinn, fir d’Rëss rechtzäiteg z’erkennen an déi noutwenneg Reparature firzehuelen. Dat ass de Wandel an der Kontinuitéit.“

congres_roeltg02„An de Wandel an der Kontinuitéit ass e Prozess vu stänneger Analys, vu rechtzäiteger Diagnos, vun enger interner demokratescher Diskussioun, vun eisem gemeinsame Wëllen, Intelligenz, Erfahrung a Motivatioun, vun eiser aller Séil als Gewerkschafter, fir de Kampf, fir déi gemeinsam Saach vun eise Memberen a vum gesamte Salariat hei zu Lëtzebuerg.“

„Wa mir den Usproch wëlle weider oprechterhalen, datt mer als Gewerkschaft d’Gesamtsalariat vertriede wëllen, da muss sech eis Gewerkschaft als fäheg erweisen, dës Interessen op eng efficace Manéier vertrieden ze kënnen.“

„Eppes ass mer nach ganz wichteg. Wann an eiser Gewerkschaft iwwert eis eege Strukturen diskutéiert gëtt, dann däerf een ni vergiessen, datt ee gläich-
zäiteg iwwert all déi aktiv Gewerkschaftler schwetzt, déi joerelaang jo esouguer joerzéngtelaang de Motor vun eise Strukture sinn. Ouni si, ouni hirt Engagement, ouni hir Motivatioun an ouni hir Zesummenaarbecht ka keng Struktur, ob Lokalsektioun, ob Syndikat oder Departement fonctionnéieren. Dat éierenamtlecht Engagement vun dem aktive Gewerkschaftler fir seng Gewerkschaft ass dat wichtegst, wat den OGBL huet.“

„Natiirlech wëlle mer nei an nach méi Leit, déi sech fir den OGBL asetzen. Mä virun allem wëlle mer, datt keen, keen een, deen haut aktiv ass, egal aus welcher Generatioun vun aktive Gewerkschaftler hie kënnt, eist gemeinsamt Boot verléisst.“