Discours politique du président de l’OGBL, Jean-Claude Reding, à l’occasion de la Fête du travail 2013
Dir Häre Minister, Dir Dammen an Hären Deputéiert, Dir Dammen an Häre Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot, Dir Dammen an Häre Vertrieder vun der CSL, vum Grupp Editpress, vun der FNCTTFEL a vun der CGFP,
(Et gëllt dat gesprachent Wuert)
Merci fir är Präsenz an ären Interessi!
Merci un d’Stat Lëtzebuerg, déi eis de Sall zur Verfügung stellt an en Éirewäin offréiert!
E ganz besonnesche Merci awer un Iech, Delegéierte vun allen OGBL-Strukture, vun eise 15 Beruffssyndikater, vun eise 6 Regionale an eisen Departementer.
Kolleginnen a Kollegen,
Dir sidd Vertrieder vun eisen elo iwwer 66.000 Memberen, dir setzt iech all Dag an äre Gewerkschaftsfunktioune fir si an, dir verdeedegt déi allgemeng, déi kollektiv Interessi vun de schaffende Leit hei zu Lëtzebuerg, dir verdeedegt eise Sozialstaat, deen d’Resultat vun engem jorzéngte laange gewerkschaftlechen Asaz ass, e Sozialstaat, deen eisem Land an alle schaffende Leit gutt gedoen huet, e Sozialstaat deen e Garant fir eng secher Zukunft ass, e Sozialstaat zu deem all Leit, déi hei schaffen hire Beitrag iwwer Cotisatiounen a Steiere leeschten, e Sozialstaat deen duerfir fir si all do ass, ouni Ënnerscheed egal wat fir eng Nationalitéit een huet, egal op een hei wunnt oder hei schafft awer an der Groussregioun liewt.
Dir stitt an der éischter Rei wann et drëm geet eis Léin, eis Pensiounen an eisen Index ze verdeedegen an zwar de ganzen Index, kee gedeckelten a kee manipuléierten. Dir wëllt de richtegen Index, dee mir eis a jorzéngtelaangem Asaz erkämpft hunn. Den Index ass e Stéck vu Lëtzebuerg, e Stéck vun eis, hie gehéiert zu Lëtzebuerg; den Index huet Lëtzebuerg net geschued, en huet eis gehollef a schwéieren Zäiten zesummen ze halen. Ëmmer wann den Index a Fro gestallt gouf, ass et Sträit am Land ginn. Den Index erhält de soziale Fridden. Grad a schwéieren Zäiten ass e wichteg. Duerfir setze mir eis och weider fir den Index an.
Wa mir den Index deckele, manipuléieren oder ofschafe, wéi eise Staatsminister a seng Partei, wéi dat d’Vertrieder vum Grousskapital, vum Finanzkapital a komescherweis och d’Vertrieder vum Handwierk, déi sech do jo an d’eegent Fleesch schneide, gären hätten, wa mir dat maachen, dann ännert dat näischt un eise Staatsfinanzen, eiser Staatsschold, dann ännert dat näischt un der Wirtschaftskris, am Konträr, et schaaft Onsécherheet a Konflikter, et verdéift d’Kris fir déi lokal Economie, fir den Handel an d’Handwierk. Den Handel an d’Handwierk, déi net vum Konsum vun de Millionäre, déi et och hei zu Lëtzebuerg gëtt, mä vum Konsum vun der Mass vun de Leit, a wann hir Kafkraaft zréck geet da spiirt dat och e gudden Deel vun eiser Economie. Wann den Här Juncker mengt, datt de gedeckelten Index d’Äentwert op d’Kris ass, dann ass en definitiv um Holzwee.
Seit 5 Joer stecht Europa an enger Wirtschaftskris, déi sech zu enger sozialer Kris entwéckelt huet an ëmmer méi och zu enger politescher Kris féiert. D’Wirtschaftskris aus der déi industrialiséiert Länner net eraus kommen, huet och negativ Auswiirkungen op déi aarm Entwécklungslänner. Si lähmt och d’Efforten déi gemaach musse gi, fir aus der ökologescher Kris eraus ze kommen.
Um Ufank vun dëser Kris steet d’Finanzkris an net ‘Staatsscholden. Um Ufank vun dëser Kris stinn d’Feeler déi vun de Spëtzeleit aus de Chefetage vun der Finanzwelt gemaach goufen, genee déi Leit déi elo schons erëm mengen deenen anere Lektiounen ausdeelen ze mussen, och hei zu Lëtzebuerg. E bëssen autokritescht Bewosstsi géif munche vun hinne gutt zu Gesiicht stoen. Mä déi déif Ursaach vun der Kris leit och net nëmmen an der Profitgier, am kuerzfristegen Denken an an de Managementsfeeler vu gutt bezuelten Direkteren, Traderen aus dem Finanzsecteur. Déi déif Ursaache si falsch politesch Weichestellungen aus deene leschten 20 Joeren.
‘Dereguléierung vum Finanzsecteur war esou e Feeler.
Déi wirtschaftlech Globaliséierung ouni sozial Regele, d’Globaliséierung ouni Rücksicht op hir sozial an ëmweltpolitesch Konsequenzen war genee sou e Feeler.
D’Entwécklung vum europäesche Bannemaart ouni gläichzäitegen Ausbau vun der sozialer Dimensioun vun der Europäischer Unioun war och genee sou e Feeler.
D’Aféierung vum Euro ouni e seriése gemeinsamen europäesche Budget, ouni europäesch Finanzinstrumenter, fir wirtschaftlech Problemer an eenzelne Länner offiederen ze kënnen, ouni eng verstäerkt Demokratiséierung vun der EU war eng riskant Operatioun.
Ënnert dem Androck vun der Kris ass am Ufank versprach ginn, de Kurs ze änneren, nozebesseren, de Finanzsecteur méi ze réguléieren, d’Spekulatioun z’ënnerbannen; déi neoliberal Wirtschaftsrezepter si kritiséiert ginn. Et ass vu Konjunkturprogrammer geschwat ginn. Mä d’Loft wor séier eraus. Et koum net zu Strukturreforme géint Spekulatioun a géint Dereguléierung an onkrontrolléierte Liberaliséierungen. Et koum net zu Reformen, déi di sozial Rechter vun de Mënsche schützen, déi hir Zukunft secheren, et koum net zu engem Stopp vun der desastréiser Privatiséierungspolitik, zu der Zerstéckelung vun ëffentleche Betriber a Servicer, déi seit den 90er Joere vun der europäescher Kommissioun bedriwwe ginn ass. Haut si mer schons erëm sou wäit, datt mer eis géint d’Privatiséierung vum Waasser wiere mussen. D’Liberaliséierung vun der Eisebunn a vun der Post geet monter weider, duerfir ginn ‘Déngschtleeschtunge fir d’Bierger net besser. An der Aviatioun gi Bëllegfluggesellschafte gepuscht, Gesellschaften déi d’Rechter vun hire Salariéen net respektéieren, déi Loundumping bedreiwen. Dat geet op ‘Dauer op Käschte vun der Qualitéit an op Käschte vun den Aarbechts- a Lounkonditioune vum Personal an der Aviatioun.
Et koum och net zu engem Stopp vun den Attacken op d’Sécurité sociale. Den Ofbau vun de Sozialleeschtunge besonnesch am Pensiounswiesen, deen a ville Länner och scho virun der Kris bedriwwe gouf, huet an der Kris schlëmm sozial Konsequenze kritt. D’Ongläichheeten déi duerch d’Steierpolitik, awer och duerch d’sozial Transferten, duerch d’sozial Leeschtunge vun der Sécurité sociale a ville Länner gebremst goufen, déi Ongläichheeten hunn erëm zougeholl, den Aarmutsrisiko huet sech verschäerft, och zu Lëtzebuerg; an an all deene Länner wou rabiat Aschnëtter an de Pensiounssystem gemaach goufen, huet d’Altersaarmut erëm zougeholl. Knapps 2 Joer nom Ufank vun der Kris ass dunn europawäit op Austeritéit gesat ginn. All Warnunge vun de Gewerkschaften, vu Wirtschaftswëssenschaftler, dorënner Nobelpräisdréier, sinn an de Wand geschloe ginn. Elo weist sech, datt d’Austeritéitspolitik eng Sakgaass ass. D’Politik vun der Madame Merkel an hire Frënn, vum Här Cameron, vun der Barroso-Kommissioun, vum FMI a vun der OECD huet net aus der Kris gefouert, si huet soziale Misär geschafen an eng Rekordsaarbechtslosegkeet, si féiert net aus der Scholdekris, mä si verdéift se, si huet d’economesch Aktivitéiten an der EU gelähmt a riskéiert an eng laang Rezessioun an Depressioun ze féieren. En indirekt Affer vun der Politik wäert d’Ëmweltpolitik an d’Entwécklungspolitik vun der EU ginn.
Géint des Entwécklung, géint des Politik wiert d’europäesch Gewerkschaftsbewegung sech seit 2009. An den OGBL wiert sech hei zu Lëtzebuerg géint déi lëtzebuerger Variant vun dëser Politik, déi ënner dem Impuls vum ehemolegen Eurogruppchef Jean-Claude Juncker propagéiert gëtt.
Duerfir sinn et seit 2009 esou vill Demonstratiounen a sozial Ausernanersetzungen an Europa, an och hei zu Lëtzebuerg, ginn.
Mir hu mobiliséiert, agéiert, mir hu Propositioune gemaach, mir hunn Alternative virgeschloen a mir hunn eis gewiert a mir wäerten dat och weider maachen. Et ass jo schéi wann den FMI zu Washington muss zouginn, datt e falsch gerechent huet, wann zu Paräis bei der OECD no enger neier wirtschaftspolitescher Approche gesicht gëtt, wann de President vun der EU-Kommissioun zaghaft zougëtt, datt d’Austeritéitspolitik Problemer opwerft, an den Här Juncker seet, et wär net méiglech an der Kris déi budgetär Ziler vun der EU z’erreechen. Et wär net méiglech 1 Mia ze spueren, ouni wirtschaftlech a sozial Schierbelen ze maachen. Et sollen nëmmen 250 Mio sinn. Op weem seng Käschten en dat wëllt maache, wësse mir och no senger Ried vum 10. Abrëll nach net.
D’Austeritéitspolitik ass nach net eriwwer. Déi neoliberal sozial- a wirtschaftspolitesch Agenda vun der EU ass nach net geännert ginn. D’Haltung vum Patronat a sengen Organisatiounen huet sech nach net geännert, well se sech nach ëmmer vun der Politik ënnerstëtzt fillen. Dat ass och zu Lëtzbuerg de Fall. Duerfir musse mir och elo weider bereed sinn eis ze wieren, an zwar mat alle gewerkschaftlechen a politesche Mëttelen déi mir hunn. Mir haten de 16. Mee 2009 Recht, wéi mir ënnert dem Motto “Mir bezuelen net fir är Kris” demonstréiert hunn. Déi Manif, genee sou wéi eisen Erfolleg bei de Sozialwalen am November 2008 hunn den OGBL gestäerkt fir d’Ausernanersetzungen déi 2010 ugefaangen hunn an der Tripartite, mat der Regierung an dem Patronat, awer och an de Betriber, an de Secteuren, an de Kollektivvertragsverhandlungen.
Ouni den OGBL, gestäerkt duerch de Walerfolleg vun 2008, duerch de 16. Mee wär d’Regierung am Abrëll 2010 ënnert dem Impuls vum Budgetsminister duerchmarschéiert, dann hätte mer eng knallhaart Austeritéitspolitik erliewt.
Mä och wann d’Hardliner net duerchkoume, sinn negativ Moossname geholl ginn. Duerfir hu mir weider Demonstratiounen organiséiert am September 2010, am Juni 2011, am Oktober 2012. Mir hu Protestpiqueten organiséiert, Infoversammlungen duerchgefouert. Et si Manifestatiounen an Aktiounen am Bau, an der Aviatioun, am ëffentlechen Déngscht, an der Sidérurgie, am Enseignement, an eenzelne Betriber ginn, well op ville Plaze probéiert gouf a gëtt d’Kris auszenotze, fir d’sozial Acquisën ofzeschafe, fir d’Aarbechts- an d’Lounkonditiounen ze verschlechteren.
Mir hunn eis gewiert a mir wieren eis och weider. Mir hunn duerch eise Widerstand villes verhënnert, mir hunn och muenches erreecht; de Mindestloun ass un d’Lounentwécklung d.h. un d’Resultater vun der Kollektivvertragspolitik ugepasst ginn – deen Ajustement weist iwwregens, datt zumindest bis 2011 nach duerchschnëttlech positiv Resultater erreecht goufen – et si Saachen erëm zréckgezu ginn.
Mä et sinn awer trotz eisem Widerstand Verschlechterungen duerchgesat ginn.
Mir hunn déi eesäiteg Decisioune vun der Regierung zum Report vun den Indextranchen net vergiess. Dat huet déi aktiv a pensionéiert Salariéen onnéidegerweis vill Sue kascht.
Mir wëssen, datt de Kampf ëm den Index net eriwwer ass.
Mir hunn awer dem Staatsminister seng Aussoen op sengem Parteikongress héieren. Den Här Juncker versprecht méi Gerechtegkeet duerch de gedeckelten Index.
Kolleginen a Kollegen,
wat ännert de gedeckelten Index un de Bonusse vun de Manager vun de grousse Betriber? Mir hunn och zu Lëtzebuerg Manager déi 60 mol de Mindestloun verdéngen, wann ech den Zeitungsberichter gleewen däerf. Dat sinn esouguer Betriber wou de Staat vertratt ass wann ech mech net iren. Wéi ass dat ze rechtfertegen? Wéini ass eng Lounskala gerecht? Wann den Ënnerscheed zwëschen dem ënneschten an dem héchste Loun bei een zu 4, bei een zu 10, bei een zu 20, bei een zu 50 leit oder wou?
Wéi schaaft een Akommesgerechtegkeet zwëschen de Salariéen an den Indépendants? Gëtt bei den Indépendants och gedeckelt? A wéi ass et bei deenen, déi d’Chance hu vun hire Renditen, hire Loyeren, hire Revenuen aus hirem Kapital kënnen ze liewen. Wat gëtt do gedeckelt?
De gedeckelten Index ass populistesch Demagogie, fir de Sozialneid zwëschen de Salariéen ze schüren, d’Gewerkschaften ze schwächen an esou de Wee op ze maache, fir den Index ofzeschafen oder definitiv esou ze manipuléieren, datt en näischt méi wäert ass.
Akommesgerechtegkeet schaaft een net duerch Deckelung vum Index, mä duerch eng gerecht an efficace Steierpolitik.
An den Här Juncker huet jo eng Steierreform ugekënnegt. Mir hunn awer am OGBL net sou richteg verstan wat d’Eckwäerter an d’Leitlinne fir des Reform solle sinn. D’Zil ass awer kloer: et sollen déi Milliounen erëm erakommen, déi bei der TVA op dem elektroneschen Handel verluer ginn. Dat soll iwwert TVA geschéien, déi soll erop gesat ginn. Em wéivill, ass nach e Geheimnis. Eng TVA-Erhéijung féiert zu enger Preishausse an trëfft déi am meeschten, déi eng kleng Pei hunn. Dat wär nach méi schlëmm, wann déi TVA-Hausse am Index géif neutraliséiert ginn, wéi dat eenzel Patronatsvertrieder elo schons virschloen.
De Premierminister huet zwar och vum Mëttelstandsbockel am Steierbarème geschwat, mä wéi en de Problem léise wëllt, wann en de Spëtzesteiersaz net erop setze wëllt an d’Tranche vum Barème net ännert, verréit en net. Eng Erhéijung vun der Betribsbesteierung gëtt ausgeschloss. Vun Ännerunge bei der Besteierung vun de Kapitalrevenue gëtt net geschwat. Wéi ass et mat der Verméigenssteier? Wat ass aus der oft diskutéierter Ekologiséierung vun der Steierpolitik ginn?
Wéi soll déi Diskussioun gefouert ginn? Op Grond vu wat fir Zuelen an Orientéierungen? 2015 brauche mer eng Alternativ zum Ausfall vun de Steierrecetten aus dem elektroneschen Handel. Den Här Frieden seet et wär d’Aufgab vun der nächster Regierung ze soen, ob an ëm wéivill d’TVA erop gesat soll ginn. Mir soe, datt virun de Walen am Juni gewosst muss sinn, wat d’Parteie virschloen a mir mengen, datt eng breed gesellschaftlech Debatt mat alle Konzernéierten, dorënner d’Gewerkschaften, muss gefouert ginn. Mir warne viru massiven an ondifferenzéierten TVA-Erhéijungen. Wann ee 600 Milliounen iwwert TVA era wëllt kréien, da bedeit dat, da riskéiert dat zu enger kräefteger Präishausse ze féieren. Grad dofir muss d’Upassung vun de Léin, de Gehälter an de Sozialleeschtungen un d’Präisentwécklung integral an ouni Verspéitung geschéien. Grad dofir brauche mer och erëm Präiskontrollen a mussen d’Gewënnmargen analyséiert ginn. Mä wesentlech ass, datt muss ënnersicht an diskutéiert ginn, ob een de Recetteverloscht net kann duerch eng aner Steierpolitik ausgläichen. All Piste mussen analyséiert a berechent ginn: d’Erhéijung vum Spëtzesteiersaz, d’Besteierung vun de Kapitalrevenuen, d’Gewënnbesteierung, d’Verméijensbesteierung, awer och de Kampf géint Steierhannerzéiung.
Mir hunn och net vergiess, datt et fir deen eenzelne méi deier ginn ass, wann e krank gëtt. Déi Moossname wären net néideg gewiescht, wann een de Plafond cotisable ofgeschaaft hätt, dann hätte mer eis och d’Cotisatiounserhéijung kënnen erspueren, an eenzel Leeschtunge verbesseren. De Staatsminister huet elo dem Patronat versprach bis 2016 keng Cotisatiounserhéijunge fir d’Betriber duerchzeféieren. Ass et esou secher, datt d’Entwécklung vun de Recetten 2014 a 2015 esou gutt ass, datt sech kee Problem stellt? A wat ass da, wann déi europäesch Austeritéitspolitik d’Kris weider verschäerft?
Den OGBL warnt virun enger Politik, déi dann op Cotisatiounserhéijunge verzicht an d’Laascht dem eenzelne Kranken operleet, dee méi héich Partizipatiounen oder Leeschtungsverschlechterungen ze spiire kritt. Den OGBL warnt och virun enger Politik déi da géif versichen op Käschte vum Personal am Gesondheetswiesen ze spueren. D’Personalnormen an de Spideler sinn elo schons ze enk. Et sinn net ze vill Leit, mä ze mann Leit do. Fir eng qualitativ gutt Versuergung brauch een Zäit fir de Patient.
Mir wëssen, datt mir an der Fleegeversecherung Sue wäerte brauche, well d’Zuel vun den eelere fleegebedürftege Leit zou hëlt. An deem Zesummenhang woren d’Aussoë vum Staatsminister alarméierend, well e gesot huet, datt d’Cotisatioune vun den Assuréën steige sollen an dem Staat seng Partizipatioun net. Domat gëtt erëm eng Kéier de Finanzéierungsmodus vun der Fleegeversecherung a Fro gestallt. D’Regierung schwetzt och an dësem Beräich vum Spueren. Wannechglift, sot konkret wat der mengt. Wou soll gespuert ginn? Soll bei de Leeschtunge gespuert ginn, soll op Käschte vun deenen déi Hëllef brauche gespuert ginn, soll op Käschte vum Personal gespuert ginn an domat indirekt op Käschte vun de Leit déi eng Fleeg brauchen? Dat wär falsch, grondfalsch well och wann an deene lëschte Joeren muenches verbessert ginn ass, da wees awer jiddfereen dee ganz konkret Erfarungen mat der Altenfleeg gemaach huet, datt nach villes verbessert muss ginn.
2006 ass d’Kannergeld desindexéiert ginn an als Géigeleeschtung sinn de Boni enfants an d’Chèques services agefouert ginn.
Well de Boni enfants seit 6 Joer net erhéijt gouf, huet en u Wäert verluer. D’Chèques services hu gehollef, mä nëmme fir déi Einheimesch mat Kanner bis 12 Joer. D’Ofschafe vum Kannergeld fir Studenten iwwer 18 Joer ass op Drock vun der Bevölkerung fir d’Résidenten duerch e Boursesystem ausgeglach ginn, mä do sinn d’Grenzgänger ausgeschloss ginn, an dat ass zu Recht vun hinnen als Diskriminatioun gesi ginn. Mir waarden elo op d’Uerteel vum EUGH.
Fakt ass, datt haut d’Kannergeld an déi aner Familljeleeschtunge wéi d’Indemnité pour congé parental fir jiddfereen trotz Chèques services, trotz Boni enfants manner wäert ass.
Eng Opwäertung drängt sech op. Datt een dann d’Kannergeld kann degressiv nom Revenu gestalten, schléisse mer net aus, mä op jiddfer Fall muss et erhéijt ginn.
Mir hunn och de Renteklau vum 1. Januar net vergiess. De Rentenajustement vun 1,5% wor geschëllt. D’Suen woren a sinn do. De Staat huet och näischt gespuert. Hei ass et em de Prinzip gaangen an em soss näischt. An dat ass net néideg! Ech wëll net méi all eis Kritiken un deem Rentegesetz widderhuelen. Ech wëll awer drun erënneren, datt nach muenches versprach gouf an nach feelt.
Wéi ass et mat dem Recht op Deelzäitaarbecht an Deelzäitpensioun?
Wéi ass et mat der Ofsecherung vun der Situatioun vun de Leit déi 20 Joer Nuetsschicht gemaach hunn?
Wéi ass et mat der Gesetzesännerung zu Gonschte vun den eelere Mataarbechter an de Betriber?
Wéi ass et mat der Aféierung vun engem Recht op eng Komplementärversecherung analog zu de betriblechen Zousazrenten?
Op ville Plazen hunn d’Leit Angscht em hir Aarbecht, eng Angscht mat der oft gespillt gëtt, fir Drock ze maachen.
De Chômage ass gewues an d’Zuele verstoppe villes.
Vill Leit, déi eng Aarbecht hunn, riskéieren d’Affer vu Restrukturéierungen ze ginn. Eis Gesetzgebung iwwer Sozialpläng, iwwert de Maintien dans l’emploi, iwwert Protectioun géint individuell a kollektiv Entloossungen ass ze soft, ass oft net un déi modern Gestiounsmethoden vun de Betriber ugepasst. Eis Gesetzgebung huet ze vill Lächer a Schwächten, déi vu raffinéierten Affekoten, déi hir Matière exzellent beherrsche géint d’Interessi vun de Salariéen ausgenotzt ginn.
D’Aarbechtsgesetzgebung soll de Salarié schützen, well en a senger Relatioun zum Employeur de Schwaachen ass. Déi Schutzfunktioun erfëllt d’Aarbechtsrecht ëmmer manner.
Hei misst nogebessert ginn. Pisten dozou huet den OGBL, huet d’CSL an deem Beräich geliwwert. Piste fënnt een och an enger Gesetzespropositioun, déi an der Chamber leit. Et leit och elo endlech e Gesetzesprojet fir eng Reform vum Faillitesgesetz vir. Dat wat do fir d’Salariéë virgesinn ass, geet awer net duer an ass deelweis schlecht.
Op der enger Säit hu mer déi Leit, déi fäerte mussen hir Aarbecht ze verléieren, op der anerer Säit hu mer déi, déi hir verluer hunn an et schwéier hunn eng Aarbecht ze fannen. Mir wëssen, datt de Laangzäitchômage zougeholl huet, dat betrëfft besonnesch déi Leit iwwert 50 Joer.
Duerfir mussen och déi Moossnamen, déi zu Gonschte vun de Laangzäitchômeuren a Bezug op hir Indemnitéit geholl goufen an déi Enn des Joers auslafe, weider gefouert ginn. Duerfir versti mer och net, wa versicht gëtt d’Aide au réemploi ze verschlechteren. Wann do Abusë vu Säite vu Patronë bedriwwe ginn, da sollen déi bekämpft ginn, ouni datt et am Endeffekt de Salarié ass deen d’Pan nach eng Kéier klake muss.
Dat gëllt iwwregens och fir d’Gesetz iwwert de Chômage partiel. Och do si mer der Meenung, datt déi besonnesch Moossnamen, déi wéinst der Kris getraff goufe, musse verlängert ginn. Ouni d’Flexibilitéit déi mer duerch de Chômage partiel hunn, wäre vill méi Entloossunge besonnesch an der Industri geschitt. Duerfir brauche mer och weiderhin d’Préretraite-ajustement.
Mir verstinn och net wann ee vun Jobgarantie fir déi Jonk schwetzt an dann Instrumenter ewéi d’Préretraite-solidarité wëllt ofschafen.
Et ginn haut vill Jonk, déi et emmer méi schwéier hunn eng Aarbecht ze fannen. Mir hunn haut méi Jonker wéi jee, déi eng Beruffsausbildung hunn (en CATP oder en DAP wéi en elo heescht, en Technikerdiplom, e BTS, e Bac technique, e Bac classique, e Bachelor professionnel oder esouguer e Master). Mir erfëllen d’Objektiver vun der EU Strategie 2020 am Beräich vun de Qualifikatiounen. Dat heescht net, datt et der nach ëmmer ze vill ginn, déi ouni Qualifikatioun op den Aarbechtsmaart kommen. Duerfir muss an d’Education des adultes, an d’Ecole de la deuxième chance investéiert ginn.
Déi grouss Mass vun deene jonke Leit léiere vill, a fir vill ass et net einfach, well der vill net vun Ufank un hei an d’Schoul gaange sinn, well der vill sech mat 4 a méi Sprooche ploe musse, well der vill do sinn deenen hir Elteren hinnen net hëllefe kënnen, wann s’an der Schoul eng Hëllef brauchen. Et ass ongerecht, wa pauschal eis jonk Leit als liddereg, verwinnt a glott duergestallt ginn. Vill Jonker musse sech laang mat CDD, Interim, schlecht bezuelte, wann iwwerhaapt bezuelte Stage, mat CAE an CIE zefridde ginn. Wéi sollen se mat esou Situatiounen da selbststänneg ginn? Probéiert emol mat engem CDD als Jonken ouni Hëllef vun den Elteren an de Grousselteren eng Wunneng ze kréien.
Wann een eng Formation administrative et commerciale gemaach huet, da wëll een an deem Beräich schaffen, an net an engem Restaurant. Firwat gëtt et am Restaurantssecteur kee Kollektivvertrag, mat garantéierte Mindestkarriere, mat enger Unerkennung vun de beruffleche Qualifikatiounen? Da géife sech warscheinlech méi jonk Leit fir déi Beruffer interesséieren. Dat gëllt och fir de Beräich vum Handel, wou d’Verlängerung vun den Öffnungszäiten duerchgedreckt gouf, ouni d’Geleeenheet ze notze, fir zu sektorielle Kollektivverträg ze kommen. Do huet d’Regierung sech op d’Säit vun de Patronatsorganisatioune gestallt an net op d’Instrument Kollektivvertrag gesat, fir déi gewënschte Flexibiliséierung z’encadréieren. Doduerch ass d’Aarbecht am Handel fir e Jonken net méi attraktiv, mä éischter manner attraktiv ginn. Firwat soll ee sech fir e Beruff an der Industri interesséiere, wa vun Desindustrialiséierung geschwat gëtt, wann Ausbildungszentre wéi zu Déifferdeng zougemaach ginn.
A wann et dann net déi Jonk sinn, dann ass et eben d’Schoul, déi net gutt ausbildt, déi net genuch op d’Beruffswelt virbereed, déi schlecht orientéiert.
Dozou zwou Saachen:
D’Chambre des Salariés a vill Proffen hate bei der Reform vun der Formation professionnelle gewarnt do eng Usine à gaz ze bauen. Am Ament weist sech, datt villes wat geplangt wor, net geet, an datt mer riskéieren, datt déi Reform e Flopp gëtt. Héi muss schnell nogebessert an deelweis och zréckgerudert ginn.
Dat misst eng Lektioun fir d’Reform vum Secondaire insgesamt sinn.
Ganz generell wär et an der Schoul esou wéi iwwerhaapt an der Aarbechtswelt gutt, wann op d’Leit vum Terrain gelauschtert géif ginn. Wann d’grouss Mass vun den Enseignante soen, datt Reformen déi gemaach goufen oder geplangt sinn, net fonktionnéieren, dann ass et ze einfach ze soen d’Enseignante wire reformresistent a konservativ. Dann ass ganz einfach eppes faul mat dëse Reformen. Ech hat schons d’lescht Joer gesot, Reforme besonnesch am Bildungswiese mecht een am Dialog an am gréisstméigleche Konsens. An iwwert dee sougenannte kompetenzorientéierten Unterrecht besteet manifestement kee Konsens.
Déi zweet Remarque betrëfft d’Aufgab vun der Schoul an eiser Gesellschaft.
D’Schoul soll net nëmmen op d’Beruffsliewe virbereede, mä si soll och déi Allgemengbildung vermëttelen, déi ee brauch, fir als kritesche Bierger an eiser Gesellschaft wierken ze kënnen. A grad doriwwer, wat fir eng Allgemengbildung gebraucht gëtt fir dat Zil ze erreechen, gëtt wéineg a schons guer net an der grousser Ëffentlechkeet diskutéiert.
A schlussendlech gesinn ech net ewéi déi aktuell Reformen de Grondproblem vun der Chancegerechtegkeet a Chancegläichheet léise sollen.
Seit Joeren leeft hei am Land eng Diskussioun iwwert d’Zukunft vun eiser Wirtschaft, eng Diskussioun déi ënnert dem Stechwuert vun der Kompetitivitéit gefouert gëtt. D‘Debatt iwwert d’Kompetitivitéit reduzéiert sech meeschtens op d’Entwécklung an d’Héicht vun de Lounkäschten. Ganz allgemeng gëtt gesot, d’Léin wieren ze héich an dofir géif net genuch investéiert ginn.
Mir hu schons oft nogewisen, datt d’Kompetitivitéit vun enger Entreprise vu villen anere Faktoren ofhänkt an datt d’Lounkäschten oft nëmmen e klengen Deel vum Präis vum Produit duerstellen.
D’Loundiskussioun konzentréiert sech am Ablack op véier Sujeten:
Beim Mindestloun ass den Ugrëffspunkt den Ajustement un déi allgemeng Lounentwécklung. Fir den OGBL ass et wesentlech, datt de Mindestloun och weiderhin all zwee Joer ajustéiert gëtt an net nëmmen un d’Preisentwécklung ugepasst gëtt. Soss gëtt de Mindestloun vun der allgemenger Entwécklung ofgekoppelt, da geet den Aarmutsrisiko fir onqualifizéiert Salariéen erop an de Wäert vun der qualifizéierter Aarbecht geet och erof, well de qualifizéierte Mindestloun jo un den allgemenge Mindestloun gekoppelt ass.
D’Ufanksléin ginn attackéiert, well dat am einfachsten ass. D’Ufanksléin betreffen nëmmen eng Minoritéit an déi zukünfteg Salariéen, déi Jonk. Op Dauer zitt esou eng Politik awer dat ganz Gehältersystem no ënnen.
D’Beruffserfahrung gëtt net méi unerkannt. Lounerhéijungen op Grond vun der Anciennetéit soll ofgeschaft ginn an duerch reng Leeschtungsbewäertungen ersat ginn. An dat gëtt natierlech net gemaach fir datt d’Léin klamme, mä fir se ze drécken a fir d’Solidaritéit zwëschen de schaffende Leit ze briechen. Vill sougenannt modern Lounsystemer setzen op d’Konkurrenz zwëschen de Salariéen, d’Resultat ass Drock, Hetz a Stress an dat féiert nach laang net zu méi Produktivitéit, zu méi Qualitéit, am Konträr. Eng nei Tendenz ass, datt ‘Diplomer, datt d’Beruffsausbildung net méi berücksichtegt soll ginn an der Lounastufung.
Esou Lounpolitike sinn ongerecht, si hunn negativ Auswierkungen op d’Salariéen, si hu laangfristeg pervers Auswierkungen op d’Betriber an d’Economie, si si falsch souwuel am Privatsecteur ewéi am ëffentleche Secteur. Si hu just als Zil d’Léin ze drécken an de Profit zu Gonschte vun den Aktionären, de Patroen an de Chefetagen z’erhéijen.
Den Ofbau an der Sidérurgie, géint dee mer eis wieren, huet näischt mat de Léin an der Stolindustrie ze dinn, mä mat der Politik vum Lakshmi Mittal. D’Industri huet an Europa an zu Lëtzebuerg eng Zukunft, wann op Innovatioun a Qualitéit gesat gëtt, wa se op d’Kompetenz vun hire Mataarbechter setzt, wa se Produite mat héijer Valeur ajoutée hirstellt, wa se vun enger efficacer europäescher Industriepolitik encadréiert, encouragéiert a néidegefalls protegéiert gëtt.
D’Zukunft vun eiser Bankeplaz hänkt net vun der Lounentwécklung an dem Lounniveau of, mä dovun op et eis gelengt méi Aktivitéiten z’entwéckelen, méi Servicer unzebidden, d’Qualitéit vun de Produiten a Servicer vun de Banken ze verbesseren.
Innovatioun, Qualitéit, Engagement gi gebraucht, an duerfir muss een iwwerall an alle Wirtschaftsberäicher op d’Motivatioun vun de Leit setzen, duerfir brauche mer gutt Aarbechtsbedéngungen, uerdentlech Paien an Aarbechtsplazsecherheet.
Erlaabt mer hei eng Remarque zur BGL ze maachen. D’BGL ass 2008 mat vill Steiergeld virum Ënnergang gerett ginn. An dat aus dräi Grënn:
Et war richteg a wichteg, datt de Staat Aktionär vun der BGL ginn ass an dat ass och haut nach richteg a wichteg. En plus brengt d’BGL dem Staat elo och nach Geld wéi den Här Juncker erkläert huet.
Mir soe kloer, datt mir net d’accord sinn fir d’Participatioun vum Staat bei der BGL ze verkafen. De Staat soll e gewiichtegen Aktionär bei der BGL bleiwen, esou ewéi en dat och bei der Enovos, bei der Luxair an der Cargolux bleiwe soll.
Mir sollten eigentlech aus der Entwécklung vun der Arbed zu ArcelorMittal an aus der Episod mam Quatar um Findel geléiert hunn.
och bei der Aviatioun gëllt, datt d’Problemer net geléist sinn, wann een d’Paie vun de Leit kierzt. Den OGBL wor an ass am Dossier Luxair a Cargolux de Motor vum gewerkschaftleche Widerstand. Eise gewerkschaftleche Widerstand huet muenches bewegt a verhënnert. D’OGBL Leit um Findel kënne sech der Ënnerstëtzung vun der Gesamtorganisatioun secher sinn.
Dat gëllt och fir d’Kollegen um Bau.
D’Leit am Bau hu seit 5 Joer keng Lounerhéijung méi kritt. Ouni den Index wären d’Léin zréck gaangen, duerch dat verspéit Ausbezuele vum Index hu se trotzdeem verluer. Zousätzlech gëtt dann ëmmer erëm versicht d’Aarbechtsbedéngungen ze verschlechteren. Iwwerlaang Wochenaarbechtszäiten sinn net akzeptabel. D’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäitorganisatioun fir keng Iwwerstonnenzouschléi méi ze bezuelen ass och net akzeptabel. D’Salariéen um Bau hunn och d’Recht mat hire Kanner, hirer Famill am Summer Congé ze huelen. Eis Delegéierten hunn e Samsdeg eestëmmeg décidéiert d’Non-Conciliatioun unzefroen an Streikatiounen am Bau virzebereeden.
Si hu Recht sech ze wieren, si hu Recht neen ze soen an uerdentlech Aarbechts- a Lounkonditiounen ze fuerderen. Si maachen eng schwéier an oft geféierlech Aarbecht. Si hunn duerfir Respekt an eng gutt Pai verdéngt.
Wann d’Patronat kee Konflikt wëllt, muss et eng Propositioun maache mat enger Lounerhéijung déi de Retard bei der Lounentwécklung aus leschte Joere berücksichtegt a keng negativ Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäitorganisatioun beinhalt.
Den OGBL verdeedegt d’Léin, d’Akommes vun de Salariéen, den OGBL setzt sech a fir eng gerecht, fair Verdeelung vu Räichtum, deen duerch d’Aarbecht vun de Salariée geschafe gëtt an. Den OGBL setzt sech fir mënschlech Aarbechtsbedingungen an.
Secherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz sinn Themen, déi méi wichteg si wéi je. Duerfir brauche mer a bestëmmte Beräicher wéi am Kampf géint iwwerméissege Stress op der Aarbecht, entweder e gudden nationalen Accord oder e speziellt Gesetz. Duerfir brauche mer eng Reform vun den aarbechtsmedezineschen Déngschter. Duerfir brauche mer awer haaptsächlech e performante Sozialdialog an de Betriber, an der Aarbechtswelt.
Et leit elo endlech e Projet de loi iwwert d’Reform vum Delegatiounsgesetz vir. En hätt kënne besser sinn, besonnesch wat de Volet vun der wierklecher Matbestëmmung ugeet, mä et muss een awer soen, datt an dem Gesetzesprojet eng Rëtsch gutt Usäz dra sinn. Am Avis vun der CSL ginn op eenzelne Punkte konkret Verbesserungsvirschléi gemaach. Mir hoffen, datt deene Rechnung gedroe gëtt an datt de Projet ka séier gestëmmt ginn, fir datt Delegatiounen, déi am November gewielt gi, kënnen no deenen neie Regele fonktionéieren.
Bei den Delegatiounswalen am Hierscht geet et drëms dem OGBL seng Präsenz an de Betriber nach weider auszedeenen, eist Netz vu Personalvertrieder an alle Beräicher vun eiser Aarbechtswelt weider z’entwéckelen. D’Personalvertrieder déi ënnert dem Zeeche vum OGBL gewielt ginn, sinn eis Legitimatioun vis-à-vis vum Patronat, si soen eis wou de Schong dréckt, wat d’Suerge vun de schaffende Leit sinn, si brengen hirt Wëssen iwwert d’Aarbechtswelt an déi gewerkschaftlech Welt eran.
Bei de Wale fir d’CSL geet et ëm déi national Representativitéit vun de Gewerkschafte bei deenen aktiven a pensionéierte Salariéen. Fir den OGBL geet et drëm seng absolut Majoritéit ze halen a wa méiglech nach auszebauen, fir eis Aarbecht an der CSL kënne weiderzeféieren an des Institutioun mat senge kompetenten a motivéierte Mataarbechter nach méi an den Déngscht vun der Gewerkschaftsaarbecht an den Déngscht vun alle Salariéen, den aktiven an depensionéierten ze setzen.
Iwwert d’Wale bei der CSL ginn och d’Vertrieder vun den Assurée bei de Sozialversecherunge bestëmmt. Och duerfir ass et wichteg den OGBL bei de Walen fir d’CSL ze stäerken. All Stëmm zielt. Mir mussen duerfir suergen, datt jiddferee säi Walrecht ausnotzt.
Grad a schwieregen Zäiten ass d’Solidaritéit, d’Eenheet wichteg, Zersplitterung schued. Duerfir geet et drëm den OGBL ze stäerken an deenen, déi hannert dem Begrëff Pluralismus eng falsch an iwwerflësseg Divisioun an der Gewerkschaftsbewegung weider fördere wëllen, eng Ofso ze ginn. Bei de Sozialwale muss den OGBL gestäerkt ginn, well en déi eenzeg glafwierdeg gewerkschaftlech Oppositioun zu enger Politik vu sozialem Réckschrëtt ass.
E staarken OGBL ass wichteg fir déi sozial Ausernanersetzungen déi wäerte weider goen, mä och fir d’politesch Debatt virun an no den europäesche an nationale Walen d’nächst Joer ze beaflossen. An do ass et kloer, den OGBL wäert keng Partei, kee Kandidat ënnerstëtzen, deen net bereet ass op falsch Dezisiounen zréckzekommen, si ze änneren, dee sech net kloer fir eise Sozialstaat an eise Sozialmodell asetzt, dee sech net kloer a konkret fir d’Stäerkung vum Matsproocherecht vun de Gewerkschaften an eiser Gesellschaft asetzt.
Firwat sollte mer Politiker ënnerstëtzen déi op Distanz zu eis ginn, déi mengen en dauernden Equilibristenakt zwëschen de Positioune vun de Gewerkschaften an dem Patronat duerch ze zéien? Wann e gären eis Ënnerstëtzung hätt, da muss een eis och ënnerstëtzen!
Den OGBL setzt sech fir eise Sozialstaat an.
Den OGBL setzt sech fir gutt a secher Aarbechtsplazen an.
Den OGBL verdeedegt eis Kafkraaft, eist Akommes, eis Paien a Pensiounen.
Den OGBL verdeedegt d’Aarbechtsplazen, verdeedegt d’Recht op eng Aarbecht fir jiddfereen.
A genee duerfir wiere mer eis géint eng Spuer- an Austeritéitspolitik op Käschte vun de Salariéen, den aktiven an de pensionéierten. Dat hu mer an der Vergaangenheet gemaach, dat maache mer och an Zukunft.
Wann et bei enger Tripartite just drëm goe soll, Jo an Amen zu den Décisioune vun der Regierung ze soen, eng Spuer- an Austeritéitspolitik op Käschte vun der Mass vun de Salariéen an de Pensionéierten z‘ënnerstëtzen, da brauche mer keng ze maachen.
Mat dem OGBL gëtt et keen Accord wann den Index soll gedeckelt oder manipuléiert ginn, neen am Konträr, mir verlaange Garantie fir de Retour zum ganzen Index, mir verlaange soziale Fortschrëtt a mir wieren eis géint soziale Réckschrëtt. Jo, mir hunn dat Recht Neen ze soe, wann d’Kris op eis Käschte soll geléist ginn. Et ginn Alternativen. Et geet anescht!
Gedroen, ënnerstëtzt vu sengen elo méi wéi 66.000 Membere wäert den OGBL des Positiounen och offensiv verdeedegen. Dat ass och d’Leitlinn vun eisem Programm bei de Sozialwalen.
D’Solidaritéit ass eis Stäerkt.
Vive den OGBL!
Vive den 1. Mee!
Merci fir ären Asaz!
Siehe Bilderalbum
Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.
Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.
Wenn du diesen Cookie deaktivierst, können wir die Einstellungen nicht speichern. Dies bedeutet, dass du jedes Mal, wenn du diese Website besuchst, die Cookies erneut aktivieren oder deaktivieren musst.
Diese Website verwendet Google Analytics, um anonyme Informationen wie die Anzahl der Besucher der Website und die beliebtesten Seiten zu sammeln.
Diesen Cookie aktiviert zu lassen, hilft uns, unsere Website zu verbessern.
Bitte aktiviere zuerst die unbedingt notwendigen Cookies, damit wir deine Einstellungen speichern können!