Gemeinsame Message vun SNE/CGFP an SEW/OGBL un d’Schoulgemeinschaft aus dem Enseignement fondamental

D’Kris vum Covid-19: Eng gemeinsam Erausfuerderung an de Lëtzebuerger Schoulen

D’Coronakris huet eis all iwwerrumpelt an d’Liewe vun de Kanner, den Elteren an den Enseignanten déifgräifend verännert.

An de Schoulen huet dës sanitär Kris fir d’Enseignantë bedeit, vun haut op muer net méi a Präsenz vun de Schüler Schoul ze halen. Ganz kuerzfristeg hunn d’Enseignanten an d’Schüler mussen op nei Kommunikatiounsweeër an nei Methode zréckgräifen. Domadder ass och e groussen Deel Responsabilitéit an Encadrement am schoulesche Suivi op d’Eltere zréckgefall. Besonnesch d’Kanner hunn hir bekannte Repèrë verluer an hu sech missen a kierzester Zäit ëmstellen. Nëmme mateneen an enger gudder Zesummenaarbecht tëschent alle Bedeelegte kënne mir deen Défi ophuelen.

Parallel si mir alleguer mat der sozialer Isolatioun confrontéiert a vill vun eis gi vu gesondheetlechen, finanziellen oder esouguer existenzielle Suerge geplot. De Cumul vun Aarbecht/Télétravail an der Betreiung vun de Kanner – AN hirer Beschoulung – féiere bei ville Familljen zu enger zousätzlecher Belaaschtung.

Fir den SEW/OGBL an den SNE/CGFP ass et kloer, dass den « Enseignement à distance » den traditionellen Unterrecht net ersetze kann. Enseignéieren ass eng sozial Interaktioun tëschent engem Enseignant a senge Schüler, an dat an engem schouleschen Ëmfeld. Dat doheem ze maachen, ouni deen néidege pedagogeschen Hannergrond an ouni déi néideg gruppendynamesch Effekter, dofir awer agebett an de familiären Alldag, ass schwéier méiglech, wann net onméiglech. All zesummen musse mir derfir suergen, dass dës Kris eventuell Ongläichheete net weider verschäerft – an dat onofhängeg vum sproochlechen, familiären, techneschen oder berufflechen Ëmfeld.

Well d’Schoulen och no der Vakanz zoubleiwen, muss ënnert Ëmstänn och iwwert d’Aféiere vun neie Contenuen nogeduecht ginn. D’Erausgoen iwwert reng Widderhuelungsaufgabe kéint eng weider grouss Erausfuerderung fir d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten ginn. Eng national Strategie, déi a Concertatioun mat den Enseignanten ausgeschafft gëtt, kéint dobäi eng grouss Hëllef sinn. Egal wéi muss probéiert ginn, d’Belaaschtung an de Familjen esou kleng wéi méiglech ze halen.

Den aktuellen « Homeschooling » ass a bleift eng Noutléisung: Fir den SNE/CGFP an den SEW/OGBL ass et kloer, dass esou net bei all de Kanner déi selwecht Kompetenzen erreecht kënne ginn wéi ënner normalen Ëmstänn. Mir Enseignantë versécheren Iech awer, dass mir all d’Kanner um Enn vun der Kris do ofhuelen, wou si stinn – och elo wou decidéiert gouf d’Schoulen no der Ouschtervakanz nach weider zou ze loossen. Zesumme mam Educatiounsministère wäerte mir Léisunge sichen a fannen, fir déi Matièren opzeschaffen, déi elo nëmme bedéngt traitéiert kënne ginn.

Fir dass d’Enseignante sech weiderhin op déi schoulesch Inhalter konzentréieren an d’Elteren sou gutt wéi méiglech hir Kanner beim Léieren ënnerstëtze kënnen, sollen Offere geschafe ginn, op déi d’Elteren an d’Kanner bei ausserschoulesche Problemer zréckgräife kënnen. Et ass e Fakt, dass vill Familljen de Moment a verschiddene Beräicher Hëllef an Ënnerstëtzung brauchen, och am psychologesche Beräich. Schoulescht Léieren ass nëmme méiglech, wann e psychologescht Gläichgewiicht bei de Kanner garantéiert ass.

D’Suspensioun vun de Coursen ass keng Vakanz. Mir mussen awer, nieft dem renge Léieren, och all déi aner Komponente mat am Bléck behalen.

An deem Sënn wier dës Period keng verlueren Zäit! Den SEW/OGBL an den SNE/CGFP appelléieren un Iech Elteren an un d’Politiker: Vertraut Ären Enseignanten, dass si no der Kris, am gewinnten Ëmfeld, d’Situatioun meeschteren an d’Kanner do ofhuele wäerten, wou si stinn.

Matgedeelt vun SEW/OGBL an SNE/CGFP, den 2. Abrëll 2020.