Litige bei de Kompetenzzentren

Vill Froen bleiwen op — D’APCCA an den SEW/OGBL wëllen nach ëmmer zréck op de Verhandlungsdësch

Viru kuerzen huet — op Ufro vum Myriam Cecchetti vun Déi Lénk — an der Chamber eng “heure d’actualité“ zur Situatioun vum Personal an de Kompetenzzentre fir d’schoulesch Inklusioun stattfonnt.

D’APCCA an den SEW/OGBL begréissen déi Initiativ. Bei der Chambersdebatt koum och kloer zu Sprooch, wat fir Problemer sech um Niveau vun der Definitioun vun der Tâche vum edukativen a psychosoziale Personal an de Kompetenzzentre stellt. Déi meescht Parteien schéngen sech awer bewosst ze sinn dass do ee Problem besteet an dass eng Iwwerbelaaschtung vum Personal op der Plaz ass, zu Onzefriddenheet oder souguer Ofgäng féiert. Eng méi kloer Präzisioun vun der Tâche ass néideg fir déi verschidden Aufgaben eng realistesch Definitioun an Organisatioun vun den Aufgaben ze garantéieren.

Fir d’APCCA an den SEW/OGBL ass dat mat deem Accord deen de Minister am November 2021 alleng mat 3 Edukateursassociatiounen aus der CGFP ausgehandelt huet, net de Fall. Villes an deem Accord bleift vague an ass net der Komplexitéit vun den Aufgaben an de Kompetenzzentren ugepasst.

Just als Beispill: den Accord gesäit ganzer 40 Stonnen d’Joer fir Gespréicher mat den Elteren vir. D’edukatiivt a psychosoziaalt Personal hunn also ongeféier eng Stonn d’Woch fir mat den Elteren ze schwätzen — wuelverstane mat den Eltere vun alle Kanner déi si betreien.

Letzten Endes bleift et dobäi, dass an der Realitéit d’Personal weider guer net anescht wäert kënnen, wéi onbezuelten Iwweraarbecht leeschte fir d’Kanner ugemoossen kënnen ze betreien.

D’APCCA an den SEW/OGBL wollten dowéinst weider mam Minister verhandelen an hunn him dat och den 4.2.2022 an enger Entrevue matgedeelt. De Minister huet sech awer geweigert weider ze verhandelen. Doropshin hu mir eis décidéiert de Litige anzereechen.

Mir mussen an deem Zesummenhang e puer Saachen nach eng Kéier kloerstellen. De Minister huet nämlech fälschlecherweis behaapt, d’APCCA wier jo bei de Verhandlungen dobäi gewiescht, mee si hätt keng Kompromissbereetschaft gewisen an et hätt ee kee Konsens mat hinne kënne fannen, contrairement zur verstänneger CGFP (Zitat Minister Meisch: “Wann een eppes wëll maachen, wat d’Strooss hält, mécht een et mat de Gewerkschafte vun der CGFP.“).

A Wourecht ass et awer sou, dass d’APCCA, déi dräi Associatioune vun der CGFP an d’APPSAS (Personalvertriedung vun de SePAS) an alle Réuniounen mam Ministère eng gemeinsam Positioun verdeedegt huet. Bis op eemol, ab dem 1. Oktober 2021, op alle Säiten „Funkstille“ war… bis mir de 16. November 2021 aus der Press gewuer gi sinn, dass de Minister mat der CGFP een Accord ënnerschriwwen huet.

Mir waren also bei de Verhandlungen vun deem Accord guer nët dobäi — a konnten also logescherweis och guer keng Kompromësser agoen!

An der Litigeprozedur muss ee feststellen, dass de Minister an d’CGFP och un engem Strang zéien an elo unisono a Fro stellen, dass iwwerhaapt ee Litige besteet, well jo schonns een Accord ënnerschriwwe guef — een Accord bei deem d’APCCA an den SEW/OGBL jo awer guer net abezu goufen! Dass dann eis souguer soll verweigert ginn, fir iwwert de Wee vum Litige de Minister zréck op den Verhandlungsdësch ze bréngen, ass “du jamais vu“ — an et ass kaum ze gleewen dass eng Gewerkschaft sou eng Verletzung vun internationalen Normen vun der Internationaler Arbechtsorganisation (OIT) a letzten Endes vum Streikrecht vum betraffene Personal ka matdroen a souguer aktiv ënnerstëtzt, andeems si sech einfach weigert iwwerhaapt Vertrieder an d’Schlichtungskommissioun ze nennen.

D’APCCA an den SEW/OGBL waarden am Moment op d’Décisioun vun der Presidentin vun der Schlichtungskommissioun, an halen sech zugläich all juristesch Schrëtt op. Et wier awer bedauerlech wann et souwäit misst kommen, well et misst jo awer allen Akteuren ëm gutt Aarbechtskonditiounen an eng qualitativ héichwäerteg Prise en charge vun de Kanner mat spezifesche Besoinen goen!

An dass nach net alles gekläert ass, weise lo och déi läscht Stellungnahmen. D’Associatioune vun der CGFP ënnersträichen dass bei der Ëmsetzung vum Accord vum November 2021 am Comité d’accompagnement awer nach eng Partie Punkten ze kläre sinn. An et ass bis haut nach kee Projet de loi zur Ëmsetzung vum Accord déposéiert ginn, obwuel déi nei Dispositiounen schonns am September a Kraaft trieden!

Dofir eisen Appell un de Minister Meisch: kommt zréck un de Verhandlungsdësch! Kommt, mir sichen zesumme Léisungen fir eng adäquat Definitioun vun den Tâchen fir dat edukatiivt an psychosoziaalt Personal vun de Kompetenzzentren!

Matgedeelt vun APCCA an SEW/OGBL, den 27. Juni 2022