Dat hu mir an deene leschte 5 Joer geschafft a fir iech erreecht

Mir hu bei Verhandlungen an engem Geriichtsprozess follgendes erreecht:

  • Proratiséieren vun de Formatiounsstonnen fir an de 14. Echelon am Fall vun ënnerbrachener Vollzäit oder Deelzäit;
  • E Recht op Mutatioun fir Enseignanten an Deelzäit;
  • Bezuele vun engem éischte Congé de maternité am Congé sans traitement

Op nationalem Niveau

Op nationalem Niveau setze mir mat ville Campagnë bildungspolitesch an aarbechtsrechtlech Schwéierpunkten:

  • Duerch eis Presseaarbecht a Campagnë leen mir de Fanger an d’Wonn: Eng besser Bildungspolitik a besser Aarbechtskonditioune vum Enseignant sinn dobäi eis Schwéierpunkten. D’Expertise vun den Enseignantë muss vun der Politik méi gehéiert ginn an a Reformen agebonne ginn.
  • Mir stinn och a reegelméissegem Kontakt mam Ministère a mat de Parteien, fir dat eist Uleies Gehéier fënnt.

 


Fir wat kämpfe mir?

  • e bessere Schutz viru Mobbing a Gewalt an der Fonction Publique
  • eng sënnvoll Reform a kloer Promotiounskrittären am Cycle inférieur am ESG
  • eng längst iwwerfälleg Reform vun der Voie de Préparation
  • eng objektiv Evaluatioun vun den ëffentlechen Europaschoulen
  • eng Upassung vum Contingent am Enseignement Fondamental
  • multiprofessionell Ekippen an der Schoulen am Enseignement Fondamental
  • staark Personaldelegatiounen an de Schoulen
  • Gläichberechtegung vun Enseignanten an Deelzäit (Mutatiounen & 14. Echelon)
  • e gesonden Ëmgang mat digitale Gadgets an der Schoul
  • eng Prime vun 20 Punkte fir Enseignanten am E7, di en TC geschriwwen hunn
  • Gläiche Punktwäert fir Employéë wéi fir Fonctionnairen
  • Méi e staarke Schutz géint Entloossung – Beruffssécherheet fir all Enseignant
  • En Enn vun der Ausnamereegelung fir CDDen fir Chargé’en am Enseignement – Sécher Aarbechtskontrakter fir all Enseignanten

 


Mir stinn Iech zur Säit am Fall vu strukturelle Konflikter

  • Mir gräifen an, wa mer feststellen, dat et a verschiddene Schoulen strukturell Problemer ginn an ee groussen Deel vun den Enseignanten sech vun hiren Direktiounen net korrekt behandelt fillt. Mir stinn dobäi zu 100% op der Säit vun den Enseignanten a loossen eis weder vu Ministère nach vun Direktiounen aschüchteren. Eist Karriärsziel: Enseignantë stäerken!

Mir stinn Iech zur Säit…

  • … wann Dir Problemer op der Aarbecht hutt. Am Fall vun Ongerechtegkeeten, Mobbing, Gewalt, Menacen etc. sti mir Iech zur Säit, och wann Äre Supérieur Hierarchique Iech am Ree stoe léisst. Mir stinn zu 100% hannert Iech a vertrieden a schützen Är Rechter.

Mir informéieren

  • Iwwert 30 Formatiounen iwwert d’Rechter vum Enseignant.
  • 3 Formatiounen iwwert de Schutz vum Enseignant am Fall vun Harcèlement an Drohunge mat der Maître Razzak an eisem Juriste vum OGBL.
  • Divers didaktesch a pädagogesch Formatiounen a Konferenzen (Reflexiounsdag iwwert de Cycle inférieur am ESG, Sproochenunterricht, Konferenz iwwert de nationale Bildungsbericht, Konferenzen zu de Rapporten vum OEJQS etc.)
  • Publikatioun vu 16 Informatiounsbroschüre fir Enseignanten zu eise Rechter, eiser Karriär, eise Pensiounen, Schutz viru Mobbing a Gewalt etc.
  • Gratis didaktesche Support op eisem Site www.sew.lu

Eis Wäerter

  • fir eng staark ëffentlech Schoul, an där all Schüler eng echt Chance huet
  • géint d’Zersplitterung vun der Schoullandschaft
  • géint d’Privatiséierung vun der Schoul
Print