Erhalt a Schutz vum Beamte-Statut

  • Garantéierte Schutz vum Beamte-Statut: De Beamte-Statut ass eng Garantie fir Onofhängegkeet a Stabilitéit vun den ëffentleche Servicer. Mir setzen eis fir säin Erhalt an, fir d’Aarbechtsplazen ze sécheren an eng qualitativ héichwäerteg ëffentlech Déngschtleeschtung un der Bevëlkerung ze garantéieren.
  • Keng Privatiséierung: Mir leenen all Outsourcing oder Privatiséierung vu Gemengefunktiounen of, déi de Beamte-Statut kéinte schueden.
  • Stäerkung vun de Rechter vum Gemengepersonal: Vermeide vu prekäre Kontrakter oder Gesetzeslücken, déi de Beamte-Statut ëmgoe kéinten.
  • Gläichberechtegung: Promotioun vu Gläichstellung a Diversitéit am Gemengepersonal. Diskriminéierung soll konsequent bekämpft ginn.
  • Gläichberechtegung: Gläichberechtegung beim Zougang zu Avantagen tëschent Fonctionnairen an Employéeën. D‘Prime de conduite fir alld’Mataarbechter am Bussecteur.
  • Wann ee vum Staat bäi eng Gemeng wiesselt, da muss déi ganz Anciennetéit unerkannt ginn. Bis lo gëtt et diesbezüglech kee Gesetz.

Gerecht Léin a fair Work/Life Balance

  • Inflatiounsausgläich/Index: Den OGBL wiert séch géint all Manipulation an Afrostellung vun der automatescher Upassung vun de Léin un d’Liewenskäschten.
  • Reduktioun vun der Aarbechtszäit: Aféierung vun enger 35-Stonne-Woch ouni Lounverloscht, fir eng besser Balance tëscht Aarbecht a Privatliewen ze erreechen.
  • Héijen an déiwe Punktwäert: Keng Ënnerscheeder méi a Saache Punktwäert tëscht Fonctionnairen a Beamten.
  • Schutz viru Burnout: Aféierung vu méi mentale Gesondheetsprogrammer a Supervisoren, déi d’Teams ënnerstëtzen.
  • Eng allgemeng Upassung vun de Prime fir d’Gemengenemployéeën.
  • Den Teletravail favoriséieren (2 Deeg) an eng Prozedur schafen, déi d’Privatsphär vum Agent respektéiert. Et kann net sinn, dass een no der Stagezäit vu 6 Méint 3 Joer keen Teletravail maachen dierf. Dëst ass op déi administrativ Tâchë bezunn.

Géint Mobbing

  • Null-Toleranz-Politik: Kloer Reegelen a Moossname géint Mobbing op der Aarbechtsplaz, fir e respektvollt a séchert Aarbechtsëmfeld ze garantéieren.
  • Anonym Meldeprozeduren: Aféierung vun engem anonymmen System, wou Fäll vu Mobbing gemellt kënne ginn, ouni datt d’Affer musse Konsequenze fäerten.
  • Preventioun a Sensibiliséierung: Organiséiere vu reegelméissege Campagnen a Formatioune fir all Mataarbechter a Féierungskräfte, fir Mobbing ze vermeiden.
  • Ënnerstëtzung fir Betraffener: Psychologesch a juristesch Hëllef fir all déi, déi Affer vu Mobbing gi sinn. Bis lo ass eng psychologesch Betreiung just fir d’Fonction Publique fest geluecht.

Gesondheet a berufflech Zefriddenheet

  • Psychesch Gesondheet: Ënnerstëtzung vu psychologesche Programmer, fir d’psychesch Gesondheet um Aarbechtsplaz ze verbesseren.
  • Sécherheet op der Aarbechtsplaz: Stäerkung vum Schutz op der Aarbechtsplaz an eng strikt Ëmsetzung vu Sécherheetsnormen.

Sozial Gerechtegkeet a Solidaritéit

  • Pensiounsreform: Erhalt a Verbesserung vun der Pensiounskees fir Gemengenpersonal, fir eng menschenwürdeg Pensioun ze garantéieren.
  • Stäerkung vu Solidaritéit: Stärkung vun de Rechter an de Missiounen vun de Personalvertriedungen, fir d’Interesse vum Gemengepersonal zesummen duerchzesetzen.
  • Rekrutementsprozeduren nei formuléieren a vereinfachen. Deen duebelen Exame fir op enger Gemeng agestallt ze ginn, soll ofgeschaaft ginn. Ausserdeem sollen och verschidde Formatioune fir d’Empolyéeën ofgeschaaft ginn.
  • Méi ee schnellt Upasse vu Verbesserunge beim Gemengepersonal, wann dës scho beim Staat gestëmmt sinn.
  • 12 Méint Iessensgeld (wéi bäi de Salariéeën).

Verbesserung vun den Aarbechts­konditiounen

  • Reduktioun vum Betreiungsverhältnis: Kloer Reegele fir manner Kanner pro Erzéier, fir besser individuell Betreiung a Qualitéit op der Aarbecht.
  • Flexibel Schaffzäiten: Méiglechkeet vu personaliséierten Zäitpläng fir de Beruff méi attraktiv ze maachen, besonnesch fir Famillje mat Kanner.
  • Inklusiounsplang: Personal mat spezifescher Expertise fir Kanner mat Behënnerungen an de Maison Relaisen, mat finanzieller Ënnerstëtzung fir zousätzlech Personalressourcen.
  • Barrièrefräi Strukturen: Gemengen mussen investéieren an Infrastrukturen, déi fir all Kanner zougänglech sinn

Weider­bildung a Karriärméiglech­keeten

  • Gratis Formatiounen: Zougang zu Weiderbildung a Qualifikatioune fir all Gemengemataarbechter, fir berufflech Perspektiven opzebauen.

Visioun

E staarkt, geschützte Gemengepersonal, dat vu faire Léin, gudden Aarbechtskonditiounen an enger sécherer berufflecher Zukunft profitéiert. Zesumme sti mir fir d’Rechter vun de Mat­aarbechter an e positiivt, respektvollt Aarbechtsëmfeld!

Print