Reunioun vun der leschter Chance, Här Minister !

D’APCCA-SEW/OGBL ass déi eenzeg unerkannte Personalvertriedung vun de Kompetenzzentren an der Agence, déi am Service vu Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoin am ganze Bildungswiese schafft.

Säit Joren ignoréiert de Minister déi scho längst iwwerfälleg Tâchendiskussioun an onsem Secteur a versicht des wichteg Thematik ënnert den Teppech ze kieren. Aktuell gouf vun der Pandemie profitéiert fir dëse wichtege Sujet aus dem Wee ze evakuéieren, ouni op dat betreffend Personal ze lauschteren an op hir Besoin’en anzegoen.

Et ass inakzeptabel dass mir scho säit Joerzéngten op d’Mëssstänn an onsem Secteur opmierksam maachen an net gehéiert ginn!

Säit der Grënnung vun der Education différenciée am Joer 1973 ass de Sujet vun den Aarbechtskonditioune fir eist Personal nach NI vun der Politik opgegraff ginn a mat eis als berechtegt Personalvertriedung ausdiskutéiert ginn.

Eis Tâche sinn NI gesetzlech definéiert ginn!

Säit Joerzéngte fuerdert d’APCCA schonn eng KLOER Definitioun vun den Aarbechtskonditiounen!

De Minister huet säi Wuert awer net agehalen !

Am Géigendeel, hien huet Bensinn an d’Feier geheit an een Accord mat Associatiounen ënnerschriwwen, déi net representativ fir de ganze Secteur sinn, an esou der Komplexitéit vun onser Aarbecht net gerecht ginn. Hien schéngt vergiess ze hunn, dass eist Personal de ganze Secteur mat opgebaut huet a vum Gesetz aus um Verhandlungsdësch muss vertrueden si wann et em Tâchendiskussioune geet déi eise Secteur betrëfft.

D’ APCCA akzeptéiert dëst Virgoen net ! Mir wieren eis géint dëse respektlosen Ëmgang mam Personal !

En plus, ass den Accord deen de Moment virläit, eng riseg Frechheet an alles anescht ewéi eng Wäertschätzung vun onser Aarbecht.

Aus deene villen intensiven Echangen an Informatiounsversammlungen déi d’APCCA an deene leschte Wochen zu dësem Sujet hat, konnt Folgendes festgehale ginn:

D’Personal ass rosen an enttäuscht vun hirem Minister !

No bausse leet dëse souvill Wäert op eng inklusive Schoulentwécklung, ouni awer dobäi eng realistesch Aschätzung ze hunn wat dofir gebraucht gëtt. Amplaz gehéiert ze ginn a mat eis no Léisungen ze siche wei d‘Qualitéit an onser Aarbecht weiderhin assuréiert ka ginn, gi mir iwwerschott mat ëmmer méi Aarbechtsfelder an Aufgaben deene mir net méi gerecht kënne ginn. Verspriechungen un d’ganz Gesellschaft gi gemaach, déi d’Personal net anhale kann a frustréiert feststelle muss, dass d’Schaffen ënnert dëse Konditioune krank mëscht.

Wien soll da lo an Zukunft di ganz Aarbecht mat Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoine stemmen, wann d‘Personal duerch all des Mëssstänn ëmmer rëm an en Däiwelskrees vu Frustratioun an Iwwerfuerderung geréit?

D’Fuerderunge vun der APCCA gehéieren endlech rëm zréck op de Verhandlungsdësch a MUSSEN diskutéiert ginn!

D’APCCA fuerdert:

  • eng gesetzlech Reglementatioun vun onsen Tâchen, déi eng Basis schaaft fir d’Personal ze schützen an eng nohalteg vun onse Servicer garantéiert,
  • dass den “référentiel des fonctions et des missions”, deen an Zesummenaarbecht mam MENJE entstanen ass, als Basis fir eng realistesch Quantifizéierung vun den Tâchen agesat gëtt,
  • dass d’Qualitéit vum Bildungsoptrag vum edukativen a psycho-soziale Personal rëm zréck an de Mëttelpunkt gesat gëtt a mir esou der BRK (Behënnerten-Rechts.Konventioun), déi Lëtzebuerg 2009 ënnerschriwwen huet, gerecht kënne ginn,
  • eng seriö Verhandlung iwwert d’Tâchë mat der APCCA an dem SEW/OGBL, déi de ministeriellen Agréement an dësem Secteur huet fir bei Verhandlunge laut Gesetz mussen dobäi ze sinn.

D’APCCA warnt virum Zesummebrieche vun engem ganze System, dee lo scho jorelaang fir eng nohalteg inklusiv Gesellschaft kämpft, ouni dass nom Personal wat dodra schafft gekuckt gëtt. Am Géigendeel, d’Personal ass Opfer vun der eegener deontologescher Astellung vun hirem Beruff ginn, an dëst op Käschte vun der eegener Gesondheet. Ëmmer méi Leit verloossen eise Secteur well de Workload si erdréckt an d’Freed, an doduerch och d’Qualitéit vun der Aarbecht verluer geet. D

De Minister huet op Drock agewëllegt sech den 3ten Februar 2022 mat eis rëm un en Dësch ze setzen. Dëst ass fir eis déi lescht Chance fir de Minister op eis Fuerderungen anzegoen a seriö Verhandlungen opzehuelen.Falls et just een Treffe pour la forme ass, de Minister eis virun de fait accompli stellt, well d’APCCA an de SEW/OGBL soss d’Demarchë fir d’Streikprozedure lancéieren a mat dësem Dossier an de Litige goen.

Dëst ass also kloer d’Reunioun vun der leschter Chance: entweder seriö Verhandlungen am Intressi vum Personal oder Litige!

Matgedeelt vun derAssociation du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence” (APCCA) an dem OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW), den 31. Januar 2022