Appell un de MENJE

SEW fuerdert konstruktive Dialog fir Rou am Mamer Lycée

Nodeems am Dossier Mamer Lycée konstruktiv mam Educatiounsministère zesumme geschafft gouf fir géint de Malaise an dëser Schoul unzegoen, an nodeems den SEW/OGBL an de MENJE sech eens waren dass erëm Rou an de Lycée Josy Barthel komme muss, ass den SEW verwonnert iwwert den aktuelle Revirement.

Obwuel am Mee 2024, 89% vun den 100 Participanten vun eiser Personalëmfro am LJBM d’Situatioun als ugespaant, respektiv ganz ugespaant beschriwwen hunn, schwätzt de MENJE nach ëmmer vun engem Konflikt tëscht Eenzelpersounen an 3 Mataarbechter krute rezent een “Ordre de justification“.

Mir stellen tatsächlech eng Verschlechterung vun der Situatioun zu Mamer fest opgrond vun deenen disziplinaresche Mesuren, déi elo rezent vum MENJE selwer geholl goufen.

Den SEW setzt sech weider fir konstruktiv Léisungen an. Mir appelléieren un de MENJE fir am oppenen Dialog dës belaaschtend Situatioun ze léisen an dofir ze suergen, dass dat ganzt Personal am Mamer Lycée an aller Serenitéit senger Aarbecht nogoe kann.

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL),
den 7. November 2024