Déi rezent Berichterstattung zum Rapport “Analyse du parcours scolaire des élèves à l’aide d’indicateurs“ vum OEJQS gëtt der Realitéit um Terrain net gerecht. Mat Aussoen ewéi “Lehrer lassen Schüler trotz Verbot durchfallen“ entsteet de falschen Androck, dass Enseignanten willkürlech géint gesetzlech Virgabe verstoussen an op eng liichtfankeg Manéier iwwer d’Rallongementer vun de Schüler entscheeden. Dat entsprécht net de Fakten.
D’Schoulgesetz vun 2009 gesäit vir, dass Rallongementer an der Grondschoul nëmmen zum Schluss vum Cycle méiglech sinn. An der praktescher Ëmsetzung kënne Rallongementer also nëmmen nach am Cycle 2.2 (fréiert zweet Schouljoer) an am Cycle 3.2 (fréiert véiert Schouljoer) decidéiert ginn. Wéi den éischte Regierungsrot am Bildungsministère an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert huet, kënnt et ganz vereenzelt an a bestëmmten Ausnamefäll, nämlech bei 0,4 bis 0,6 Prozent vun de Schüler, zu engem Rallongement nom éischte Joer vum Cycle. Dës Decisioun gëtt net liichtfankeg, mee an der “Equipe pédagogique“ a nëmmen an enker Koordinatioun mat der Direktioun an der Zoustëmmung vun den Eltere geholl. A ganz ville Fäll geet d’Demande fir ee Rallongement souguer vun den Elteren aus.
Déi rezent Diskussiounen ignoréieren den eigentleche Problem am Bildungssystem. Et feelt a ville Fäll un de néidege Ressourcen a Fërderstrukturen, fir d’Schüler individuell ze ënnerstëtzen. Wann eng Schoul duerch d’Applizéiere vum Contingent bei hirer Schoulorganisatioun tëscht niddrege Klasseneffektiver oder Appuismesuren entscheede muss, da geet dat op Käschte vun deene Schwächsten an der Schoul.
D‘Argument, dass et wëssenschaftlech beluecht ass, dass Rallongementer näischt bréngen, ass ze nuancéieren. Et ass och an der Wëssenschaft ee kontrovers diskutéierte Sujet, an d’Fuerschungslag ass net ëmmer eendeiteg. Sou weise verschidde Studien drop hin, dass besonnesch am jonken Alter Rallongementer et de Schüler erméiglechen, schoulesch Retarden opzeschaffen. Als SEW/OGBL wiere mir eis géint eng pauschal Ofleenung vun der Mesure Rallongement.
Tatsächlech weisen déi rezent Bildungsberichter, dass trotz dem Ofschafe vum Redoublement an der Aféierung vum Rallongement d’Bildungsongerechtegkeet zu Lëtzebuerg weider bestoe bleift, jo sech esouguer verschäerft. D’Erfarungen am “Cycle inférieur“ am ESG, wou bis op 5ème kee Redoublement méi virgesinn ass, schwätzen och eng kloer Sprooch.
Bildungsongerechtegkeet entsteet schonn ier d’Kand ee Fouss an d’Schoul gesat huet, an d’Schoul kann den Défi net eleng stemmen. Et brauch ee gesamtgesellschaftleche Konsens an Effort fir d’Schoul méi gerecht ze maachen.
D’Enseignanten handelen am schouleschen Alldag pragmatesch, an net opgrond vun Ideologien. Si stinn all Dag virun der Klass an musse konkret Léisungen fir konkret Problemer bei konkrete Schüler fannen.
Mir appelléieren un d’Politik, sech op déi richteg Problemer ze konzentréieren. Déi Suen, déi duerch eng eventuell Reduktioun vu Rallongementer agespuert ginn, kéinten zum Beispill an d’Schoule fléissen, fir Hëllefsmoossname fir d‘Schüler en place ze setzen.
Mir erwaarden eis eng ausgewogen Diskussioun iwwert d’Aarbecht vun den Enseignanten. D’Realitéit am Klassenzëmmer ass komplex, an d’Enseignanten ginn all Dag hiert Bescht, fir méiglechst all Kand gerecht ze ginn — trotz alle Schwächten am System.
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL), den 21. Januar 2025
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
This website uses Google Analytics to collect anonymous information such as the number of visitors to the site, and the most popular pages.
Keeping this cookie enabled helps us to improve our website.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!