All zesumme fir eng koherent Reform. Wann fir eis um Dësch keng Platz ass, brénge mir eise Stull mat!

Syndic_SAS_Campagne_InfirmiersBachelor.inddDen 03.05.2021 gouf déi laang iwwerfälleg Reform vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer virgestallt. Zwar begréisse mir, dass elo endlech d’Fundament vum Bachelor fir d’Infirmièrë gegoss ginn ass an dass doduerch d’ “Medical School” op eiser Universitéit interdisziplinär opgestallt gëtt. Gläichzäiteg enthält de presentéierten Organigramm vill Punkten, vun deenen den Terrain ëmmer erëm kloer ofgeroden huet.

Den 1. Juni 2021 gëtt de Bachelor fir d’Infirmièren an der Chambre des députés ëffentlech debattéiert. Dëse Bachelor ass ee Schrëtt vu Villen. Zu enger sou déifgräifender Reform gehéieren allerdéngs och d’Nolauschteren an d’Respektéiere vun deenen déi se betrëfft. D’Penurie am Gesondheetssecteur ass dramatesch an d’Zäit leeft eis fort! Et gëllt “elo oder nie” fir mateneen en koherenten an transparente Formatiounssystem fir d’Gesondheetsberuffer op d’Been ze stellen.

An wann fir eis um Dësch keng Platz ass, da wäerte mir eise Stull matbréngen! An wann et muss sinn, den 1ste Juni um 15:00 Auer bis virun d’Chamber!

Matgedeelt vum OGBL, der ALAS, der ALEPS, der ALSF, der ALATMC, der ALIAR, der ALIP, der ALIPS, der ANIL, dem LCGB, der Patientenvertriedung an der UNEL, den 28. Mee 2021


Appel à tous les professionnels de santé – Piquet de protestation, le 1er juin à Lux-ville (Lu-Fr)


Opruff un all d’Gesondheetsberuffler
Protestpiquet den 1. Juni 2021 um 15:00 virum „Cercle Cité“ an der Stad.
Fir d’Zukunft vun eisen Ausbildungen!
Fir d’Zukunft vun eise Beruffer!
Pitt Bach, secrétaire central Syndicat Santé de l’OGBL


Bei der Reform sëtzt gär mat um Desch:

alas_logoALAS: Mir vun der ALAS fuederen dat mir net rëm vergiess ginn!! Eisen Beruf fass am ausstierwen, verléiert un Attraktivitéit vir déi jonk Leit!!! Alles wat mir an der Theorie an der Schoul geléiert hunn, duerfe mir um Terrain net ausüben!

Mir sinn es Midd, ëmmer déi lëscht an der Rei ze sin! Eng ugepasste Reform vun der Ausbildung zum Aide-Soignante ass laang iwwerfälleg. Mir wëllen een transparent a koherent Matsproocherecht bei der Reform zu dëser wichtiger Ausbildung!. Dat eis Aarbecht respekteiert an rëm unerkannt gëtt, dat och mir sécher an Zukunft kënne kucken.

Dat eisen Entworf vun den néien Attributiounen unerkannt gëtt a sou séier wéi méiglech ëmgesat ginn.

aleps_logoALEPS: Als ALEPS (Association Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions de Santé) fuerderen mir zanter 2001 e koherenten Opbau vun den Formatiounen am Gesondheetssecteur. Als Enseignants sin mir iwwer d’Presse an den communiqué vun der Regierung iwwer Zukunft vun den Formatiounen , dei mir all Dag ausbilden, informéiert gin…

En 3 Klassensystem fir den infirmiersberuff hei zu Lëtzebuerg ass Gebastels à la sauce luxembourgeoise , en Formatiounschaos an deem sech weder Studenten nach Enseignants eremfannen. Wou ass den Ënnerscheed an den Formatiounsprogrammer ? Wei soll daat um Terrain klappen, mat welchen Personalressourcen ? A wei soll do d’Orientatioun klappen vun den Schüler an Studenten , bei esouvill Gewulls ? Mir fuerderen als ALEPS :

  • Eng eenzeg koherent Ausbildung fir den Infirmierop Bachelor niveau.
  • D’Spezialisatiounen an d’Hiewannsformatioun op Masterniveau
  • D’Ofschafen vum BTS diplom fir den Infirmier (ab 2024!)
  • Eng koherent Reform vun all den Ausbildungen am Gesondheetsecteur dei zesummen mat eis all opgebaut gëtt !
  • D’Transformatioun vum LTPS zuer Ecole Nationale pour Professions de Santé du Luxembourg (ENPSL) dei an enker Collaboratioun mat der Université du luxembourg déi nei Formatiounen ausschaffen soll.

alsf_logoALSF: Dass eng Reform vun de Gesondheetsberuffer misst kommen war jidderengem bewosst an spéitstens elo an dëser Covid-19 Krise ass jidderengem virun Aen gefouert gi wie wichteg gutt ausgebilten Hiewannen rsp Gesondheetspersonal si. Mat deem neien Reglement Grand-Ducal vun 2019 ass e wichtegen Grondsteen fir eng ganzheetlech Betreiung duerch d‘Hiewan wärend der Schwangerschaft der Gebuert an der Zäit dono geluecht gi. D’Hiewan ass elo schonn en eegestännege Beruff deen gréisstendeels an Autonomie ausgefouert gëtt. Fir dësen Ufuerderungen gerecht ze gi an dono gutt ausgebilten Hiewannen um Terrain ze hunn fuerderen mir e gutt fundéierten Studium op Masterniveau.

ALATMC_logoALATMC: Zënter der Verëffentlechung vun eisen neien Attributiounen am Abrëll 2019, reklaméiere mir, d’Association luxembourgeoise des assistant(e)s techniques médicaux de chirurgie (ALATMC), eng Ausbildung um Niveau vun engem MASTER, déi et eise Studenten erlaabt, esou forméiert ze ginn, datt si medezinesch Akte kënne praktizéieren, déi an eisen neien Attributioune stinn an déi virum Abrëll 2019 eleng de Chirurgen an Dokteren reservéiert waren. Dës Ausbildung als MASTER, muss an enger Universitéit enseignéiert ginn, déi och Dokteren ausbilt, fir datt d‘Interdisziplinaritéit tëschent zukünftegen Dokteren an ATM de chirurgie, vun Ufank un, ka garantéiert ginn. D’Ausbildung als MASTER gouf och schonns e puermol argumentéiert, andeems sech op de „Référentiel européen des compétences“ baséiert gouf. Sech fir en akademesche Grad ze entscheeden, ass net nëmmen eng Rechenaufgab iwwert d’Zesummenzielen vun ECTS, mee ass an éischter Linn, fir sech fir eng Ausbildung ze entscheeden, déi den definéierte Critèren aus dem „Référentiel européen des compétences“ entsprécht.

ALIAR_logoALIAR: Durch diese Reform entstehen wieder „à la luxembourgeoise“ 3 verschiedene Krankenpfleger/inen. Für die Intensiv/Anästesiepfleger Ausbildung wird eine Notlösung vorgeschlagen, ohne Zukunftsvision. Hier entsteht die Gefahr dass wir in Zukunft noch weniger Intensiv/Anästesiepfleger/inen ausbilden werden , 2 jährige Ausbildung nach der Pflegerausbildung , für einen Bachelorabschluss. 2 jährige Ausbildung ohne weiteren ABSCHLUSS……NEIN DANKE

ALIP_logoALIP: Mir als ALIP bedaueren déi ugekënnegt Ausbildungsreform vum MESR. Mir sinn der Meenung, dass dës keng Opwäertung vun eisem Beruff ass an dass d’Attraktivitéit dëse Formatiounswee aschloen ze wëllen, verluer geet. Fir an Zukunft genuch a gutt qualifizéiert Infirmier(e)s spécialisé(e) forméieren ze kënnen, fuerdere mir en Master opgebaut op engem dräijäregen “Bachelor en soins généraux”.

alipsALIPS: Mir begréissen datt Gesondheetsberuffer reforméiert an akademiséiert ginn. An eisen Ae ginn des Beruffer méi attracktiv an zougänglech fir vill méi Leit. Wat mir net novollzéihen kennen, ass datt de BTS-Infirmier en soins généraux bäibehaalen gëtt an zousätzlech ee Bachelor ugebueden gëtt. Mir fuerdere weiderhin datt den Infirmier ee Bachelor an den Infirmier spécialisé ee Master kréie soll. Loosst eis ee wichtege Schrëtt maachen, fir Zukunft an der Fleeg ze moderniséieren an der reeler Demande um Terrain unzepassen. D’Pandemie huet gewisen a weist ëmmer nach wéi wichteg mir sinn an datt net un der Qualitéit vun der Fleeg soll gespuert ginn. Lescht Joer am Lockdown ass vu Solidaritéit fir de Fleegesecteur geschwat ginn, elo ass de Moment do et ëmzesetzen.

ANIL_logoANIL: Mir freeën eis, dass d’Politik endlech den Schratt goen well, den Infirmièren eng vollwäerteg Formatioun op der Universitéit Letzebuerg ze erméiglechen! Kombinéiert mat der Infirmière de Pratique Avancée wäert d’Infirmier(e)n endlech Karriere um Bett vum Patient kenne machen. Fir allerdéngs den ganzen Infirmièresberuff an net nemmen “certaines catégories d’infirmières” ze valoriséieren, muss en Datum festgeluet ginn, un dem den aalen BTS-Infirmiersdiplom ausleeft. Och mussen Infirmièren mat Berufserfahrung, déi den Bachelor wellen machen, mindestens déi éischt zwee Joer vum Studium unerkannt kréien. Den Bachelor fir déi spezialiséiert Infirmièren gesinn mir héchstens als Iwergangsléisung bis déi éischt BachelorstudentInnen en Soins généraux hieren Studium ofschléissen. Mir wellen d’Wichtegkeet betounen, dass d’Unzuel vun den Studienplatzen op Basis vun Berechnungen vum zukünftegen Bedarf un Infirmièren festgeluet gett.

Commission des étudiants (ANIL): D’Commission des étudiants ass am März 2020 vun Studenten gëgrennt gin déi sech ansetzen fir eng besser Infirmier-Formatioun hei am Land, well Mir, d’Schüler an Studenten kloer an daitlech net zefridden sin mat deem Gebastells deen elo besteet (déi 2 lescht Lycée Joeren + 2 Joeren BTS + 2 Joeren Spécialisatioun fir schlussendlech naischt an der Täsch ze hun). Mir fuerderen eng kloer Infirmiersausbildung vun 3 Joer deen zu engem Bachelor féiert an eng Spécialisatioun vun 2 Joer deen zu engem Master féiert, wéi et an der “Déclaration de Bologne” firgesin ass.

Fir dass d’Commission des étudiants och wierklech vertrëtt wat d’Schüler an Studenten gären hätten, ass eng Ëmfroo bei 177 Schüler an Studenten aus dem LTPS gemeet gin. Dëst weist nach enmol kloer datt 91% vun de Schüler an Studenten den Wee vum Bachelor Studium selwer gewielt hätten wann et deen deenmols op der Uni.lu schon gin wier.

LCGB_logoLCGB: D’Opwäertung vun der Ausbildung duerch eng Aféierung vum Bachelor fir allgemengmedizinesch Fleegepersonal ass sécher eng Noutwendegkeet, muss awer en Deel vun engem Gesamtkonzept sinn, dat dozou erbäiféiert, dass d’Aarbecht fir déi Beschäftegt méi attraktiv gëtt. Virun allem musse Kompetenzen an Zoustännegkeete vun de Fleegeberuffer ugepasst ginn. Och iwwert Weiderbildung an Ëmschoulung muss geschwat ginn. Doriwwer eraus muss dem Wonsch vum Salarié Rechnung gedroe ginn: „ Mir musse méi no um Patient sinn a manner mat administrativen Aarbechte beschäftegt sinn!“.

OGBL_logoOGBL: Den OGBL ass alarméiert iwwert dëss Propositioun vun der Reform vun der Ausbildung. Zwar begréisse mer d’Schaafe vun engem Bachelor fir den Infirmier, mee de Modell kann nëmmen als Ganzt e Sënn erginn wann e koherent ass. 3 wesentlech Punkten musse geännert ginn:

1. Et däerf net zu méi Klassen vun Infirmieren kommen. D’BTS Ausbildung muss ofgeschaaf gin an den Infirmier just nach um Bachelorniveau ausgebild gin.

2. Doriwwer eraus muss esou e Modell all d’Beruffer déi am Secteur present sinn ëmfaassen. Niewent den nei geschaaften Formatiounen, bleift weiderhin onkloer, wéi eng Opwäertung vun den aneren Beruffsgruppen, wéi dem Aide-soignant, dem Aide-socio-familial oder dem Auxiliaire de vie, hei mat agebaut ka ginn.

3. Och d’Ausbildung vun den Infirmiers spécialisés, déi jo eigentlech op där vum Infirmier opbaut kann net mat dëser gläichgestallt ginn. Grad an deene Beruffer hu mer grouss Problemer Nowuess ze fannen. Dat hei wäert nach manner Jonker motivéieren de Sprong vum Infirmier op de spécialisé ze maachen.

De Projet muss dringend mat sämtlechen Acteuren iwwerschafft an un d’Besoinen vum Secteur ugepasst ginn.

Patientenvertriedung_logoPatientenvertriedung: Im Interesse des Patienten ist es von großem Vorteil, wenn die Krankenpfleger Ausbildung dazu führt, eine Referenzperson für den Patienten zu erhalten, die als Kontaktperson Sicherheit vermittelt und menschlicher Kontakt und Kommunikationsfähigkeit gewährleistet sind und zu einer guten Pflegequalität führen. Die aktuelle Situation in der Krankenpfleger Ausbildung ist leider so, dass in den ersten beiden Ausbildungsjahren das Verhältnis Theorie-Praxis so ungleichmäßig verteilt ist, dass nur einige Wochen Praktikum vorgesehen sind. Dies führt dazu das die Auszubildenden erst im dritten Ausbildungsjahr, wenn mehr Praktikum vorliegt, merken, was der Krankenpfleger Beruf wirklich in der Praxis darstellt und welche Verantwortung dieser Beruf hergibt. Oft kommen die Schüler dann überfordert zum Entschluss abzubrechen und das bedeutet zwei verlorene Schuljahre und zusätzlicher Mangel an Krankenpfleger Nachwuchs. Da die Zahl der zugelassenen Schüler wegen fehlender Infrastruktur seit langem jährlich beschränkt ist sind diese verlorene Ausbildungsplätze eine Katastrophe für unser Gesundheitswesen. Eine Aufwertung der Gehälter und das Ausarbeiten eines Bachelor-Studienganges sind nicht allein die finale Lösung zur Verbesserung der Attraktivität des Krankenpfleger Berufes, sondern ebenfalls adäquate Arbeitsbedingungen, ohne Leistungsdruck zu arbeiten, ausreichend Pflegepersonal und ein vorhandenes Zusammenspiel von Berufsmotivation und Bedürfnissen müssen gewährleistet sein.

UNEL_logoUNEL: L’UNEL souligne qu’une réforme cohérente est nécessaire pour la réelle revalorisation de la formation d’infirmier. Le cumul de plusieurs cursus, n’amènera à aucune valorisation, mais plutôt un clivage dans les formations et qualifications elles-mêmes. Ainsi l’UNEL soutient que le BTS – Infirmier soit aboli au profit d’un premier cycle d’études supérieurs sanctionné par un Bachelor qui débouchera sur un deuxième cycle d’étude sanctionné par un master (spécialisation), aux termes du processus de Bologne.

Den Petitionär an seng Ennerstetzer an der Chamber:

Anne-Marie Hanff (Presidentin, ANIL): De professionelle Bachelor soll ganz nom Motto “Déi Bescht un d’Bett” a gemeinsame Course mat anere Gesondheetsberuffer all d’Infirmièren op déi erausfuerderend Situatiounen um Terrain virbereeden. Kombinéiert mat den iwwerschafften Attributiounen an den erweiderte Kompetenzen, kann d’Infirmière sech endlech selbststänneg em d’Fleegeproblemer këmmeren, déi duerch eng Krankheet entstinn. Dëst mëscht bei esou engem klenge Land nëmme Sënn, wann all Infirmier(e)sstudent(in) an net nëmme “certaines catégories” op der Universitéit Lëtzebuerg studéieren. D’Zuele leien um Dësch: Mat besser forméierten Infirmiere gi vermeidbar Komplikatioune wéi eng Longenentzündung méi fréi erkannt a besser behandelt. Eeler Persounen musse net onnéideg an d’Spidol an et spuert een och nach Suen. Wann de MESR forméiere wëllt wat den Terrain brauch, da mussen d’Avise vun den Acteure vum Terrain bei der Gestaltung vun dëser Reform respektéiert ginn. Wann mir a kommende Pandemien net méi an déi bedreelech Situatioun wëlle kommen, wann d’Nopeschlänner hier Grenze géingen zoumaachen, da brauch d’Politik no 25 Joer endlech “Wäitsiicht, Fachwëssen an Zivilcourage”! Traut Iech! Et lount sech!

Gilles Evrard (President, ALEPS): Als Enseignants sin mir all Dag confrontéiert mat der Ausbildung vun den Pflegeberuffer. Déi proposéiert Reform léist keng Problemer, mais au contraire riskéiert an engem totalen Ausbildungschaos ze endegen. Komm mir maachen all zesummen eng koherent Reform vun all den Pflegeberuffer, an schafen en Modell deen verständlech ass: Bachelor fir den Infirmier, Master fir d’Spezialisatiounen!

Nora Back (Presidentin, CSL): Eng Reform vun der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer kann nëmme gräifen, wann se op engem koherente Modell fousst. Grad an Zäiten vun enger sanitärer Kris wou mer méi wéi jee ugewisen sinn op eng gutt funktionéierend Gesondheetsversuergung. Wou mer souwisou schonn eng Penurie de main d’oeuvre hunn an all dëse Beruffer, si mer der Meenung dass dëse Projet muss vum Dësch geholl ginn an mat abezéien vun allen Acteuren, eng qualitativ héichwäerteg Reform ausgeschafft ginn.

Et ass e Sujet deen eis Alleguer betrëfft, déi Jonk déi déi Beruffer wëllen erléieren. D’Proffen déi se enseignéieren. D’Gesondheetsberuffer déi um Terrain schaffen an hier Organisatiounen a Gewerkschaften wou se vertrueden sinn.

Théo Duhamel (Petitionär): Als Student am leschte Joer, hun ech et baal hannert mir, an kann behaapten dass dat net den Wee ass deen ech mir firgestallt haat. Dass den Infirmier zu Lëtzebuerg een BTS ass gëtt een net gewuer wann een op 3e (11e un menger Zeit) sëtzt an sëch raussichen muss wat een Beruff een sein Liewenlaang wëll machen. Ech mengen domat, dass ech deen LTPS Wee deen op en BTS féiert nie gemeet hätt wann ech dat am firaus gewosst hätt. Ech wëll op den selweschten Niveau kënne sin wéi all aaneren Infirmier mat deem ech schaffen, ech wëll net benodéilecht gin well ech den Infirmier hei zu Lëtzebuerg studéiert hun. Ech setzen mech dann och dofir an, dass Schüler an rouh hir Première kënnen oofschléissen ier se hiren Infirmier-studium unfenken, an dësst ass och just méiglech wann den BTS oofgeschaaft gëtt. Ech starten dann och elo gären d’Spézialisatioun Anesthésie et Réanimation un wat nom BTS nach zwee Joer Formatioun sin, fir schlussendlech en BTS -spécialisé ze hun statt en Master…

All Gesondheetsberuff äußeren sech, mee et lauschtert einfach keen no. An sou setzen mir eis dann lo all zesummen an fir een eenzegen Ziel: Eng koherent Réforme fir d’Gesondheetsberuffer.

Tina Koch (ugoend Infirmière Prévention et Contrôle de l’Infection):
Dass eng Reform vun de Gesondheetsberuffer misst komme war virdru well ville Léit bewosst, awer spéitstens elo an/no dëser Covid-19 Krise ass jidderengem virun Ae gefouert gi wie wichteg gutt forméiert Experten an der Fleeg sinn. Ech schwätzen hei besonnesch vun der Infirmière mat engem Zousaz Studium an der „Prévention et Contrôle de l’Infection“.

Dëse Studium ass an eisen Nopeschlänner well laang méiglech, et ass elo oder ni, wou dëse Studium och misst säi Wee ob Lëtzebuerg fannen, ob der uni.lu. Vir dëst z’erméiglechen ass de Bachelor een éischte wichtege Schrëtt an Zukunft!
Haut ass et eise Studenten NET oder just schwéier méiglech dëse Wee ze goen, well ob villen Universitéite, de Bachelor als Basis gefrot gëtt. Dëst musse mir onbedéngt änneren, an et méiglech maachen dat een och no e puere Joer Beruffserfarung de Wee ka goen, an een Zousaz Studium Beruffsbegleedend ze maachen.
An dëst net nëmme vir Infirmier*ière Prévention et Contrôle de l’Infection mä och vir aner spezialiséiert Zousaz Studien an der Fleeg, ewéi Breast Care Nurse, Palliative Care Nurse, Gesundheitswissenschaften & -pflegemanagement, Pflegepädagogik,….