Den SEW/OGBL weist schonn zanter enger Rei Joren drop hin, dass den aktuelle Contingent-Mechanismus de Besoinen um Terrain net genuch Rechnung dréit an ugepasst gi muss.
Den neitste Rapport vum “Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire” (OEJQS) bestätegt: déi aktuell personell Ressourcen ginn net méi duer, fir der wuessender sozialer Ongläichheet an der ëmmer méi komplexer Sproochesituatioun an de Schoule gerecht ze ginn. Souwuel de Basis-Contingent[1] wéi och déi méiglech Majoratioun vun 20 Prozent[2] mussen de neie Begebenheeten ugepasst ginn.
De Rapport deckt gravéierend Schwächten op:
Den OEJQS ënnersträicht iwwerdeems, dass d’Debatt ëm d’Miessung vu sozialen Ongläichheeten net vun der pertinenter an decisiver Fro oflenke soll, wéi ee schouleschen Ongläichheeten laangfristeg an ugemiessen entgéintwierke kann. Déi Äntwert läit net just an der Unzuel vu personellen a materielle Ressourcen, mee och an der Unterrechtsqualitéit a geziilter pedagogescher Fërderung.
Nichtsdestotrotz stellt den OEJQS fest: zousätzlech Enseignanten hunn ee positiven Effekt op d’Reduzéierung vu Bildungsongerechtegkeet. Dofir ass d‘Upassung vum Contingent kee Selbstzweck, mee en noutwendege Schratt hin zu méi gerecht Bildungschancë fir jiddereen.
Et ass elo um MENJE fir déi iwwerfälleg Upassung vum Contingent unzegoen!
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL), den 25. Abrëll 2025
[1] «Auch wenn die Methodik der Berechnung des Zusatzkontingents zum Zwecke der Ressourcenverteilung sich als konsistent und stabil erweist, so zeigt sich doch deutlich, dass die 2010 über das RGD eingeführte Basisparameter des Contingent-Mechanismus (…) auf eine deutlich andere und weniger heterogene Schüler/-innenpopulation ausgerichtet waren.» Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire. (2025). Contingent. Evaluierung und Perspektiven für mehr Chancengerechtigkeit im Enseignement fondamental. Luxembourg. Seite 43
[2] «Die zunehmende Heterogenität der Schülerschaft, insbesondere hinsichtlich des Haushaltseinkommens und der sprachlichen Vielfalt, machen zusätzliche Maßnahmen notwendig, um die Bildungschancen von Schülerinnen und Schülern zu verbessern. In diesem Zusammenhang wäre es sinnvoll, eine Erhöhung des Zusatzkontingentes in Erwägung zu ziehen.» Ibid, Seite 9
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
This website uses Google Analytics to collect anonymous information such as the number of visitors to the site, and the most popular pages.
Keeping this cookie enabled helps us to improve our website.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!