OGBL – 2018.10.10 – Pressekonferenz : Sozialkonflikt am Secteur vun de privaten Autobusse

D’Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag am Secteur vun de privaten Autobusse stiechen an enger Sakgaass. Et ass ee mat engem kategoresche Refus vun der Federatioun vun de Busbedreiwer FLEEA konfrontéiert, fir iwwert e Reduzéiere vun den Aarbechtszäitamplituden ze schwätzen. Dobäi kennen privat Buschauffeuren de Moment bis zu 15 Stonnen den Dag am Déngscht vun hirem Betrib sinn, ouni fir hir Disponibilitéit belount ze ginn.

Romain Daubenfeld: Zentralsekretär zoustänneg fir de Syndikat Stroossentransport/ACAL

En langue luxembourgeoise

Back to list