SAS/FHL: D’Faass ass um iwwerlafen

Suite aux événements tragiques qui sont survenus vendredi 13 novembre à Paris, le syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs de l’OGBL a décidé d’annuler son piquet qui était prévu samedi 14 novembre sur la place de la Résistance à Esch-sur-Alzette.  Voici le discours qui aurait dû y être prononcé par Nora Back, secrétaire centrale en charge du syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs de l’OGBL:  

Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem sozio-pädagogesche Secteur

a léif Kolleginnen a Kollegen aus deenen aneren betraffene Secteuren

Am Numm vum OGBL-Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen an am Numm vun der Delegatioun vun der Gemeng Esch well ech iech haut begréissen op eisem Piquet stellvertriedend fir de sozio-pädagogesche Secteur.

Des Woch hu mir eng eemoleg Aktioun fir eise Syndikat : eng Aktiounswoch secteuriwwergraifend, a fir déi 2 Kollektivverträg FHL an SAS. Well a Punkto Carrièren setze mir all an deem selwechten Boot.

Mir stin haut net hei géint d’Direktioun vum der Gemeng Esch,

Mee mir stin haut hei fir eise Beruff ! Well desen as op der ganzer Linn ennerbewaert. D’Aklasséierung vun eise Carrièren gett

–          weder der Ausbildung

–          nach dem Niveau vun der Verantwortung déi des Leit an hierem berufflechen Alldag mussen iwwerhuelen

–          nach der verlangter Autonomie vun de Beruffer

gerecht.

Chers collègues,

Nous sommes rassemblés aujourd’hui non pas contre la direction de la commune d’Esch, mais pour notre profession.

La classification de nos carrières ne correspond ni au niveau d’études, ni aux responsabilités, ni à l’autonomie demandée de nos professions.

Scho seit Jorzingten kämpft den OGBL mat de betraffene Leit géint des skandaléis Diskriminatioun a fuerdert dass d’Carrièren endlech sollen richteg bezuelt gin par rapport zu hierem Diplom.

Nierwt deene selleche Communiqué’en, Pressekonferenzen, an Entrevue’en mat Ministeren déi den OGBL iwert déi läscht Jorzingten gemach huet, ware mir och schon oft op der Strooss fir eis Carrièren. Fir just e puer konkret Aktiounen ze ernimmen : Dezember 2007 firum Ministère de la Fonction publique, Fréijoer 2011 Piquet’en firu verschiddenen Heiser.

Des Gehälterdiskriminatioun as nach méi skandaléis, wa mer zousätzlech 3 wichteg Aspekter bedenken :

–          Eischtens schafft e groussen Deel vum betraffene Personal schon zenter Jorzingten a sengem Beruff an huet duech sain Engagement matgehollef de Sozialsecteur opzebauen

–          Zweetens, an dat as en Hohn, muss ee bedenken dass des Beruffer an der Majoritéit vu Fraen ausgeübt gin. Mir sin an dese Secteuren also meilewait ewech vun enger Glaichstellung vu Mann a Fra.

–          Drettens, an dat betrefft all d’Leit déi an desen 2 Secteuren schaffen : des Secteuren si seit 2007, (SAS) an 2009 ouni real Lounerhéichung ! Seit 8 Joer (SAS) a seit 6 Joer (FHL) hun d’Léin vun de Beschäftegten aus dese Kollektivverträg sech net entweckelt ! Am SAS-KV fehlt zudem nach eng Punktwaerterhéichung vun 1,5% aus deem läschten Gehälteraccord.

Chers collègues,

Cette discrimination au niveau de la carrière est d’autant plus scandaleuse si on a en tête les 3 faits suivants :

–          Premièrement, les salariés concernés travaillent depuis des années dans le secteur et ont aidé à le développer

–          Deuxièmement, on parle ici de professions majoritairement féminines, donc on est très loin d’une égalité de traitement dans ces secteurs

–          Troisièmement, et ceci concerne tous les salariés travaillant dans le secteur : il n’y a pas eu d’évolution salariale depuis 2007 (SAS) et 2009 (FHL).

Kolleginnen a Kollegen,

Fir méi präzis ze sin, as et esou dass d’Carrière vun de Gesondheetsberuffer a vun de sozio-pädagogesche Beruffer e gut Steck méi niddreg sin wéi déi administrativ Carrièren mat deem selwechten Niveau u schouleschem Oflschloss :

Aide-soignant :

huet en CATP (Niveau 12e), gett awer bezuelt um Niveau 10e

Erzéier :

huet eng 14e, gett awer bezuelt Niveau 11e

Infirmier :

huet e BTS, as awer och um Niveau 11e agestuft

ATM Radiologie:

huet e BTS, gett awer bezuelt um Niveau 11e

Sozialpädagog :

huet e Bachelor, as awer agestuft Niveau 13e/1re

Spézialisatioune vum Infirmier an ATM Chirurgie:

huet e BTS spécialisé (eng Qualificatioun déi et nemmen zu Letzebuerg gett), get awer bezuelt Niveau 11e + (liicht iwert dem Infirmier)

Hier Studien hun iwert d’Joren stark évoluéiert, hier Reponsabilitéiten sin emmer méi gin, mee um Niveau vum Loun as ni eppes geschit.

Bei de Gesondheetsberuffer sin iwert d’Joren déi gesetzlech réglementéiert Attributiounen emmer méi erweidert gin. Et sin nei Beruffsfelder baikom, wéi z.b. den Aides et soins à domicile. D’Formation continue as fir des Beruffer obligatoresch an e wichtegen Bestanddeel vun hierer Arbecht fir en héich qualitativen Service kennen ze garantéieren.

Bei de sozio-pädagogesche Beruffer as d’Arbechtsfeld iwert d’Joren emmer méi diversifizéiert an erweidert gin. Di professionnell Exigenzen un des Beruffer sin emmer och méi grouss gin :

Kommunikatioun, Préventioun, Observatioun, Gestioun an Organisatioun, individuellen Encadrement, therapeutesch a pädagogesch Aktivitéiten, Elterenarbecht, berufflech Weiderbildung, asw.

Den OGBL fuerdert fir all des Beruffer, an awer och fir all déi aner Beruffer déi an desen 2 Secteuren täteg sin, eng progressistesch Lounpolitik, an déi richteg Astufung déi dem Niveau vun hire Studie gerecht get !

Chers collègues,

Les carrières des professions de santé et des professions socio-éducatives sont en général beaucoup plus basses que les carrières administratives au même niveau de diplôme.

Au long des années, les études de ces professions ont évoluées, les responsabilités ont évoluées, mais le salaire n’a pas évolué.

L’OGBL revendique pour toutes ces professions, mais également pour tous les autres salariés qui travaillent dans le secteur une politique salariale progressiste et surtout un reclassement des carrières qui correspond au niveau d’études.

Kolleginnen a Kollegen,

Dir wesst dass mir eis hei an engem effentlechen an net kommerziellen Dengschtleeschtungssecteur befannen, deen duech effentlech Gelder finanzéiert gett.

An dat muss och esou bleiwen !

Et dierf kee Business mam Accueil vu klenge Kanner, der Fleeg vun eelere Leit oder dem Patient gemach gin !

An deem Kontext fuerdert den OGBL och dass di selleg Privatcrèchen endlech mussen den SAS-KV fir hier Beschäftegt uwenden !

Kolleginnen a Kollegen,

Dir wesst och dass eisen FHL an SAS Kollektivvertrag vum effentlechen Dengscht ofhänkt. Eis Arbechts- a Lounbedingungen entweckelen sech emmer paralell zu deenen am effentlechen Dengscht. Dat hu mir gesetzlech verankert fir den SAS a kollektivvertraglech verankert fir den FHL Kollektivvertrag iwert dee jeweilegen Artikel 28.

D’Koppelung un d’Gehälterverhandlungen an der Fonction publique garantéiert eng ausgeglachen an équilibréiert Gehälterstruktur am ganze Secteur vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen. Sie dréit och dozou béi, dën ëffentlechen Dengschtleeschtungssekteur ze stärken.

A vun éngem starken a gudden effentlechen Dengschtleeschtungssekteur profitéiert all Bierger hei am Land.

Chers collègues,

Vous savez tous que nous nous trouvons dans un secteur public et non marchand, et que nos salaires et conditions de travail dépendent du secteur FP. Ce lien ancré dans les CCT SAS et FHL nous garantit un secteur public fort, qui profite à tous les citoyens du Luxembourg.

Kolleginnen a Kollegen,

Elo as no langen Joren kämpfen endlech bei der Fonction publique eng Neiaklasséierung vun de Carrièren geschit ! Och wa mer eis eng besser Transitiounsphase gewenscht hätten fir all déi déi schon am Beruff sin.

An des richteg Aklasséierung muss och elo am FHL an am SAS Kollektivvertrag geschéien. An et kann net sin dass elo vu Saiten vun der Regierung a vu Saiten vum Patronat vun enger 0-Enveloppe geschwat gett !

An deenen 2 Secteuren lafen d’Kollektivvertragsverhandlungen, Kolleginnen a Kollegen.

Beim FHL-KV hu mer déi nächst Entrevue mam Patronat den 18. November a beim SAS-KV as déi éischt Verhandlung no der Kennegung vum KV vun de Syndikater den 24. November.

A mir fuerderen fir déi 2 KV d’Emsetzung vun der Enveloppe Fonction publique an domat de Gehälteraccord vun 2,2% Punktwaerterhéichung an 0,9% Prime unique, mee firun allem déi richteg Aklasséierung vun de Beruffer déi dem Niveau an der Dauer vun hiere Studien entsprecht.

Mir fuerderen :

–          Vun der Regierung : dass si endlech hier Responsabilitéit vis-à-vis vun dese Secteuren soll iwerhuelen an d’Finanzéierung vun de Secteuren daer héicher Qualitéit vun den Dengschtleeschtungen soll upassen déi si verlaangen. An eng héich Qualitéit, Kolleginnen a Kollegen, gett et net fir naischt : déi dierf eppes kaschten ! D’Regierung muss sech un den Accord mam OGBL vum 28. November 2014 halen wou si sech engagéiert d’Enveloppe FP emzeseten !

–          Vum Patronat : dass di sech endlech op d’Sait vun hiere Leit solle stellen a sech mat eis fir déi richteg Bezuelung vun hierem Personal asetzen, amplaz an engem effetlechen Secteur mat Entloossungen ze drohen wéi rezent bei engem groussen Prestataire am Aide & Soins Beraich geschit !

Den OGBL fuedert eng fortschrettlech Lounpolitik am effentlechen Dengschtleeschtungssecteur, an dat souwuel

–          op kollektivvertraglechem Niveau

–          wei och op politeschem Plang .

Chers collègues,

Après de longues années de lutte, une reclassification des carrières a enfin eu lieu auprès de la FP. Et cette reclassification doit également avoir lieu dans nos CCT FHL et SAS. Il est inacceptable qu’on parle maintenant d’une enveloppe 0 !

Les négociations sont en cours pour les deux CCT et nous revendiquons la transposition de l’enveloppe FP !

Nous exigeons du gouvernement qu’il doit enfin prendre ses responsabilités envers ces secteurs et respecter l’accord du 28 novembre 2014 avec l’OGBL concernant la transposition de l’enveloppe FP.

Nous exigeons du patronat des secteurs qu’ils se mettent enfin du côté de leurs salariés et cessent de faire pression sur leurs salariés en annonçant des licenciements comme récemment chez un prestataire du domaine aides et soins.

Kolleginnen a Kollegen,

Dest as eisen 4en Piquet vun eiser Aktiounswoch. Bis elo hu mir zu xx Personaldelegéierten a Militanten fir eise Beruff a géint di jorzingtelang skandaléis Diskriminatioun manifestéiert.

Mee dat geet nach lang net duer !

Mir waerten weider mobiliséieren, a weider op d’Strooss goen fir eise Beruff a fir déi richteg Aklasséierung vun eise Carrièren !

D’Faass ass um iwwerlafen, Kolleginnen a Kollegen.

Wann d’Regierung an d’Patronat elo naischt fir d’Emsetzung vum Gehälteraccord FP an domat fir déi nei Carrièren machen, da waerte mer an dese Secteuren ganz séier an engem schwéiere Sozialkonflikt sin !

Merci d’être venus chers collègues. Nous étions jusqu’ici à xx manifestants, mais ça ne suffit pas. Nous allons continuer à mobiliser dans les prochains mois.

Si le gouvernement et le patronat ne bougent pas en ce qui concerne la transposition de l’enveloppe FP, on aura un grand conflit social dans ces secteurs !

Matgedeelt vum OGBL-Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen
den 16. November 2015